
D’Gemeng Nidderaanwen huet den Terrain d'2023 vum Staat ofkaaft, respektiv deels getosch mam Terrain fir d’Policegebai op der Tréierer Strooss.
Et wollt een nees Liewen an d’Gebai kréien, dat bekannt war fir seng Restauratioun. Dofir gouf en Appell lancéiert, fir Projeten eranzeschécken. D’Zilsetzung war et, dass hei nees eng klassesch Lëtzebuerger Brasserie opgeet, déi sech harmonesch an d’Gréngzon integréiert.
Elo ee Joer méi spéit ass dann de Gewënner vum Concours bekannt. De 6. Februar 2025 goufen am Centre polyvalent “A Schommesch” d’Resultater vum Dialogue compétitif iwwert de Projet vum Café Waldhaff virgestallt.
Dräi Teams haten et an déi zweet Phas vun der Ausschreiwung gepackt. No enger grëndlecher Iwwerpréiwung vum Nominéierungskommitee, zesummegesat aus Experten, Vertrieder vu Gemengen, dem HORECA-Secteur an dem Institut National pour le Patrimoine Architectual - steet elo d’Gewënnerteam fest:
De Projet vu“Fabeck Architectes – Schroeder & Associés – Goblet Lavandier & Associés” krut den Zouschlag.
Si konnte mat hirem Projet iwwerzeegen an hu sech géint zwee weider Konkurrenten duerchgesat. Et waren dat:
Geplangt ass, dass de Café-Restaurant Ugangs 2028 nees seng Dieren opmécht.
Méi Informatiounen zum Concours gëtt et op www.niederanven.lu
Nei Ouverture vum fréiere Café-Restaurant Waldhaff fir 2028 geplangt (21.2.24)