
Domadder ersetzt si de Fränk Arndt, dee sech aus der aktiver Politik zeréckzitt. Dat huet d’Wëlzer Sektioun vun der LSAP an engem Schreiwes matgedeelt.
De Fränk Arndt war zanter 2000 an der Politik zu Wolz aktiv, dat als Gemengeconseiller, Schäffen a vun 2009 bis 2023 Buergermeeschter. Och National souz hie vun 2013 bis 2018 fir d’Sozialisten an der Chamber.
Bei de leschte Gemengewale war d’LSAP zu Wolz vu 45,45 Prozent op 38,58 Prozent gefall. Eng Roll kéinte bei deem Score och zwou Enquêtë géint de Fränk Arndt, dat wéinst Prise illégale d’interêts, corruption respektiv Trafic d’influence an Infraktioune géint d’Naturschutzgesetz, gespillt hunn.
Als Nächstgewielten op der Lëscht vun der LSAP stoung d’Tessy Küntsch, déi der Partei scho matgedeelt huet, datt si d’Mandat am Gemengerot vu Wolz wäert iwwerhuelen. D’Tessy Küntsch ass eng 54 Joer al Mamm vun engem Kand a Presidentin vun der Wëlzer LSAP-Sektioun.