
D’Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC schwätzt sech am Kontext vum neie Bedruchsfall op der Hesper Gemeng géint Hetzjuegten op de kommunalen Déngscht aus. E Mataarbechter soll jorelaang falsch gebadgt hunn an domadder manner geschafft hu wéi e misst.
D’Hesper Gemeng hat e Freideg confirméiert, datt et eng disziplinaresch Affär géint e Gemenge-Fonctionnaire gëtt, et wier och schonn eng disziplinaresch Strof gesprach ginn an datt een den Dossier un de Parquet weiderginn hätt, fir de penale Volet ze kucken.
Et géif keng Entschëllegung fir sou ee Verhale vun engem Gemengebeamte ginn, schreift d’FGFC. Déi “politesch motivéiert Instrumentaliséierung vu Verwaltungsmataarbechter” wier awer inakzeptabel.