
Fir de Problem mat de Retarden am nationale PET-Scan-Zenter an de Grëff ze kréien, soll eventuell en Apparat gelount ginn. Dat, bis dat annoncéiert zweet Gerät am Centre Hospitalier installéiert ass. Do gouf jo den Datum vum éischten Trimester 2025 genannt.
Dernieft gouf Kontakt mat Spideeler an eisen Nopeschlänner opgeholl mat der Fro, ob et Disponibilitéite fir Patiente vu Lëtzebuerg géing ginn. Bis elo huet eng Klinik vu Bréissel konkret Plagen offréiert. D’Gespréicher mat weidere Klinicke géinge lafen.
Dat alles äntwert d’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez dem LSAP-Deputéierten a fréiere Santésminister Mars di Bartolomeo op eng parlamentaresch Fro.
RTL-News (14.06.2024): De Pet-Scan am CHL war dëst Joer schonn aacht mol en panne