Saisonale Bilan vu MeteoluxFréijoer 2024 war méi naass a méi waarm ewéi an der Moyenne

RTL Lëtzebuerg
Den nationale Wiederdéngscht huet säi Rapport fir d'Fréijoer 2024 publizéiert.
© pixabay

Fir dëse goufen d’Donnéeë vun der Wiederstatioun um Findel vum 1. Mäerz bis den 31. Mee vun dësem Joer mat den Donnéeën aus den nämmlechte Méint vun der Referenzperiod vun de Joren 1991 bis 2020 verglach.

Iwwert dat ganzt Fréijoer 2024 goufen op der Statioun um Findel 306,3 Liter Reen op de Metercarré enregistréiert. Op d’Referenzperiod gekuckt, läit dëse Wäert an der Moyenne bei 179,3 Liter. Dëst Fréijoer war domat dat fënneft-naassten zanter dem Ufank vun de Wiederopzeechnungen um Findel am Joer 1947. Besonnesch vill gereent huet et mat engem Total vun 200,9 Liter Reen op de Metercarré am Mee. Et war dann och dee Mee an der Geschicht vun de Wiederopzeechnungen, wärend deem et hei am Land am zweetmeeschte gereent huet. De meeschte Ree wärend engem Dag ass da wéineg iwwerraschend freides de 17. Mee gefall.

Och bei der Temperatur louch d’Fréijoer 2024 iwwert der Moyenne. Am Schnëtt louchen d’Temperature bei 10,4 C°. Dat sinn 0,8° iwwert dem Duerchschnëtt vun der Referenzperiod. Am Mäerz louchen d’Temperaturen 2,2° iwwert der Moyenne, wärend se am Abrëll 0,1° drënner louchen. Am Mee waren d’Temperaturen dann nees 0,4° méi héich ewéi an der Moyenne vun der Referenzperiod.

Trotz den - an der Moyenne - héijen Temperaturen, war d’Fréijoer 2024 eent mat nëmme wéineg Sonn. 387,5 Sonnestonne goufen et vun Ugangs Mäerz bis Enn Mee. Manner goufen et der mat 300,4 nëmme wärend dem Fréijoer 1983. An der Moyenne ginn zu Lëtzebuerg am Fréijoer 560,9 Stonne gezielt, an deenen d’Sonn schéngt.

De Bilan vum Fréierjoer 2024 vu Meteolux.

Back to Top
CIM LOGO