
Schold un där Situatioun wier de Facteur vun der “Population ajustée”, dee beaflosst, wéi vill Suen eng Gemeng kritt. Gekuckt gëtt d’Zuel vun der Populatioun, d’Densitéit an ob et sech ëm e Centre de développement et d’attraction handelt. Déi zwou Gemengen haten eng Ongerechtegkeet gesinn an hate geklot.
Géif déi reell Populatioun gekuckt ginn, kréiche béid Gemenge bedeitend méi vun der Gewerbesteier aus dem gemeinsame Staatsdëppen zeréckbezuelt, soen déi kommunal Responsabel vun Nidderaanwen a Leideleng, déi dowéinst d’Verwaltungsgeriicht mat der Fro befaasst hunn.
Fir d’Joren 2019 an 2020 koum elo virun enger décker Woch en Appell-Urteel vun der Cour administrative, wat de Gemenge fir dësen Zäitraum Onrecht gëtt. Am Arrêt halen d’Riichter fest, datt d’Gesetz konform a präzis ass. De liberale Leidelenger Buergermeeschter Lou Linster reagéiert a bedauert weiderhin d’Situatioun mat der Gewerbesteier an nennt e Chiffer: “An der Moyenne ginn an der Gemeng Leideleng 25 Milliounen € d’Joer Gewerbesteier erwirtschaft.
Dovunner kann d’Gemeng awer just 1,5 bis 1,8 Milliounen halen.”
D’Urteel hätt als Konsequenz, datt et fir Leideleng lo definitiv net méi attraktiv wier, fir vill Betriber unzelackelen, seet de Leidelenger Buergermeeschter: “Besonnesch fir eng Gemeng wéi eis, déi 11.500 Aarbechtsplazen huet an nëmmen 2.800 Awunner, ass dat guer net interessant, well e Betrib, dat ass Verkéier, Kaméidi, Knascht an Aarbecht fir eng Gemengeverwaltung”.
2021 hat d’Gemeng Leideleng als Reaktioun op d’Reform schonn d’Gewerbesteier erofgesat a parallel d’Grondsteier däitlech eropgesat, wat nawell héich Welle geschloen hat. “Dat bréngt natierlech méi Suen an d’Gemengekeess, dat ass kloer”. Verschidde Betriber hate fir hiren Deel dunn dogéint geklot. Do lafen déi geriichtlech Prozeduren nach.
Ier d’Gesetz geännert gouf, huet fir d’Joren 2017 an 2018 e Reglement gespillt an dat ass net verfassungskonform, sot Enn zejoert d’Verfassungsgeriicht, wat op Ufro vum Verwaltungsgeriicht tranchéiert hat.
D’Urteel vum Verwaltungsgeriicht fir 2017 an 2018 soll elo am Abrëll kommen. Do rechent d’Gemeng Leideleng awer domat, datt ee Recht behält an datt ee fir déi Jore Suen zeréckkritt.
Verfassungsgeriicht: Etappevictoire fir Leideleng an Nidderaanwen a Saache Gemengefinanzéierung