
D’Gesetz war Enn Dezember zejoert ausgelaf a gëtt elo bis Enn Juni verlängert, ier et nach eng Kéier bis den 30. September verlängert wäert ginn. Dat huet den Ëmweltminister Serge Wilmes ënnerstrach. Wéi d’Regierung mat der Chamber géing kommunizéieren, huet bei den Deputéierte fir Diskussioune gesuergt.
Bis op een hunn zwar all déi Deputéiert dat ofgeännert Gesetz réckwierkend matgestëmmt, vill Diskussioun gouf et awer doriwwer, wéi d’Regierung virgaange wier. D’Claire Delcourt sot, d’LSAP hätt relativ fréi Zweiwel dru gehat, ob 6 Méint géingen duergoen, fir en neie Regimm en Place ze setzen, eng Motioun, fir de Projet de loi ze verlängeren, wier vun der Majoritéit ofgeleent ginn.
“Grouss Iwwerraschung, dräi Woche méi spéit konnt de Premierminister am Detail deen neie Klimabonusregimm virstellen, deen op dem éischten Oktober dëst Joer soll gëllen. Ob den Ëmweltminister frëndlecherweis dem Premier d’Freed wollt loossen, fir dës Nouvelle z’annoncéieren oder ob d’Regierung sech bis op de leschte Stëppel awer net sécher war, wouhin d’Rees sollt goen, sief dohigestallt.”
Den David Wagner vun déi Lénk kritiséiert d’Manéier, wéi d’Regierung virgeet, andeems se d’Chamber géing iwwer eppes ofstëmme loossen, wat scho 6 Méint applizéiert géing ginn.
“D’Chamber muss hei einfach u sech hiren Ok ginn, soss mengen d’Leit dobaussen, mir wieren e bësse komesch hei. An dat huet vläicht och domadder ze dinn, wat och e bësse stëmmt, zemools wa mer eng Regierung hunn, déi alles dofir mécht an eis selwer net ganz seriö hëlt.”
Den zoustännege Minister Serge Wilmes huet ënnerstrach, d’Chamber wier am Etat de la Nation informéiert ginn. D’Sam Tanson vun déi Gréng huet sech géint dës Form vun Informatiounspolitik gewiert.
“Mir sinn hei keng Informatiounsversammlung. Mir sinn hei, fir d’Regierung ze kontrolléieren. Mir kënnen dat net maachen, wa mir just informéiert ginn. Beim État de la Nation sinn Dosende Froe gestallt ginn. Et ass net op eng Fro eng Äntwert komm.”
Dass de Serge Wilmes géing soen, net gefrot ginn ze sinn, fir an eng Kommissioun ze kommen, wier net wouer an eng Frechheet.
D’Piraten haten nach wärend der Chambersëtzung op engem handgeschriwwenen Ziedel d’Ofstëmmung iwwer 3 Amendementer proposéiert, déi direkt eng Verlängerung vun de Primme bis Enn September erméigleche géingen. Dës goufen awer vun der Majoritéit ofgeleent.