Affer vun 22 Joer läit am KomaGewalt-Eskalatioune wéi déi um Bal zu Folscht si keng Seelenheet

Maxime Gillen
Virun enger gudder Woch ass op enger Party zu Folscht e jonke Mann bei enger gréisserer Kläpperei schwéier blesséiert ginn.

Zwou Persoune goufe festgeholl a sëtzen antëscht an Untersuchungshaft. D‘Enquête vun der Police judiciaire leeft. Dat 22 Joer jonkt Affer läit iwwerdeems mat schroe Blessuren am Koma.

Leider sinn dës Gewalt-Eskalatiounen net seelen op esou Evenementer, an derhannert stieche wéi et schéngt ëmmer erëm déi selwecht Leit.

Kläpperei zu Folscht / Reportage Maxime Gillen

Et war e Bal, wéi et der iwwert de Summer eng sëllege ginn. Organiséiert vum lokale Club des Jeunes. Wéi scho méi dacks an de leschte Méint war och e Grupp vu jonke Männer op der Plaz, deen et wuel dorobber uleet, fir Kläppereien unzestëften. Verschidde Sourcë confirméieren eis, dass de Virfall zu Folscht keen Eenzelfall war a bei esou munche Clibb an Associatioune fir Kappzerbrieches suergt. Eng Situatioun, déi d‘Membere vun de jonken Demokraten Norden net méi einfach esou wëllen nokucken.

Wéi d’Jugendpartei-Sektioun am Gespréich mat RTL erkläert, hätt sech schonns zanter Jore ronderëm geschwat, dass op de Baler ee bestëmmte Grupp ënnerwee wier, dee vu enger Persoun ugeféiert géif. Et wier ëmmer déi Persoun, déi esou Situatioune provozéiert. Wuel wiere schonn eng Partie Leit protokolléiert ginn, mee méi wier nach net geschitt.

D‘Fro stellt sech natierlech, ob dat ze verhënnere gewiescht wier, well déi presuméiert Täter an der ganzer Regioun fir hir Gewaltbereetschaft bekannt waren an op esou Baler och ëmmer Security-Firmaen am Asaz sinn.

Enger Rei Sourcen no, wieren déi presuméiert Täter vum Security-Personal op de Bal eragelooss ginn. Esou laang si net negativ géifen opfalen, géif schliisslech näischt dergéint schwätzen, dass si do sinn, esou d’Argumentatioun vun der Security-Firma.

Egal wéi bräicht d‘Police méi Patrullen, esou de Constat vun de jonke Politiker. An hiren Aen wier zu Foulscht schonn eng Patrull méi, déi op de Bal gaange wier, duergaangen.

RTL-News: Eng Persoun bei Kläpperei op engem Bal zu Folscht schwéier blesséiert

Back to Top
CIM LOGO