
De Mëttwochmoien, 16. Oktober, hunn Aarbechter eng ongewéinlech Decouverte gemaach. An der rue des Champs zu Bartreng si si mat enger Maschinn widder eng morsch Dier aus Holz gestouss. Eng Tut mat ënnert anerem dräi Schädelen ass erausgefall.
Zanterdeem gëtt enquêtéiert, wou d’Schanken hierkommen.

De Parquet hat d’lescht Woch relativ séier e Gewaltverbriechen ausgeschloss. Éischten Erkenntnisser no wieren d’Schanken, déi fonnt goufen, zimmlech al gewiescht.
Zu Bartreng ass eng vun de méigleche Pisten, dass d’Schanken an de 70/80er Jore vun engem Kierfecht geklaut kéinte gi sinn. Deemools wier de Kierfecht ëmgebaut ginn a verschidde Leit hätten d’Geleeënheet genotzt, do Schanken anzepaken a mat Heem ze huelen.
Am Budget vum Joer 1912 vun der Gemeng Bartreng waren 13.000 Frang fir en neie Kierfecht virgesinn. Well dësen baussent Bartreng louch, gouf de 26. Februar 1925 en Doudewon kaf. Dee krut een deemools fir 6.210 Frang.
Den ale Kierfecht war direkt nieft der Bartrenger Kierch. Am Joer 1932 goufen do Griewer ewechgeholl, well d’Strooss méi breet gemaach ginn ass.
Den neie Kierfecht gouf ugangs de 70er Joren nach emol amenagéiert. Ënnert anerem gouf eng Morgue dobäi gebaut.

Méiglech wier deemno, dass d’Schanke bei esou Aarbechte geklaut, respektiv matgeholl goufen.
De Parquet huet op Nofro confirméiert, dass den Untersuchungsriichter Kenntnis vun dësen Aussoen huet, dass d’Schanken deemno vun engem fréierer Kierfecht am Eck kéinte sinn.
Weider huet d’Spriecherin präziséiert, dass keng Pisten den Ament ecartéiert ginn.
D’Enquête wier nach amgaangen. D’Resultater vun den Analyse vum LNS leien nach net vir.
Parquet geet aktuell net vu Gewaltverbriechen aus: Aarbechter fannen dräi Schädelen an Tuten zu Bartreng
No grujeleger Decouverte zu Bartreng: En Expert erkläert, wéi ee Schädelen unhand vun den Zänn kann identifizéieren