BauprojeteGréng Luucht fir "An der Schmëtt", Rallonge fir Ettelbrécker Gare

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg stoungen och nach zwee grouss Bauprojeten am Land um Ordre du jour vun der Chamber.
© AFP

An der Chamber gouf eng Rallonge vun 39,3 Milliounen Euro fir den Ëmbau vun der Ettelbrécker Gare gestëmmt. Bis ewell waren 98 Milliounen Euro fir dëse Projet virgesinn.

An d’Chamber huet gréng Luucht gi fir de Projet vum Fonds du Logement “An der Schmëtt” um Site vun der aler Cité Syrdall bei Wecker. Hei solle bis 2028 164 nei Wunnengen entstoen. D’Chamber huet de Projet unanime ugeholl.

Sprit muss net méi bëlleg wéi an Nopeschlänner sinn

Vun all den anere Parteien ofgewise gouf eng Motioun vun der adr, déi gefrot huet, et misst e Mechanismus geschaaft ginn, dee garantéiere géif, datt de Sprit zu Lëtzebuerg ëmmer méi bëlleg misst sinn, wéi an eisen Nopeschlänner.

Back to Top
CIM LOGO