D'Woch op RTLGrujeleg Decouverte, Knupperten an e Chantier ouni Enn

RTL Lëtzebuerg
De Réckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Soirée mat déidleche Suitten
Leschte Weekend koum et an enger Péitenger Disko zu engem Virfall, deen e Mann d’Liewe kascht huet. Et gouf zu enger Konfrontatioun tëscht engem Member vun der Securitéit an dem Client. Dëse soll gestouss gi sinn a mam Kapp no vir gefall sinn. De Mann huet dëst net iwwerlieft an de Securitéits-Agent setzt den Ament an Untersuchungshaft wéinst onfräiwëllegem Doudschlag.

Nuetsdéngscht op der Intensivstatioun
Schaffen ënner voller Konzentratioun, an dat déi ganz Nuecht. Eng Nuetsschicht an der Intensiver Fleeg ass usprochsvoll. Well wat een op enger Schicht erwaart, ass ëmmer ongewëss, an dat och iwwert d’Chrëschtdeeg.

Hellegowend beim CGDIS
D’Beruffspompjeeë vum CGDIS sinn dat ganzt Joer iwwer 24 Stonnen op 24 fir d’Leit do. Chrëschtdag gëtt awer trotz Asätz gefeiert an dobäi huet een dës Deeg nach mat ganz aneren Asätz ze di wéi soss.

Eng grujeleg Decouverte
Zu Meaux, no bei Paräis goufen op Chrëschtdag an enger Wunneng eng Mamm an hier 4 Kanner dout opfonnt. De Papp vun de Kanner gouf elo wéinst virsätzlechem Doudschlag festgeholl. Hier war bei der Police wéinst haislecher Gewalt bekannt an hat seng Partnerin schonn 2019 mat engem Messer blesséiert.

Christmas-Tour
Zënter der Pandemie huet d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren eng nei Traditioun. All Traktere gi gerëscht a beliicht an de 26. Dezember geet et domat duerch d’ganzt Land. Dëst Joer waren 350 Traktere bedeelegt.

Géint organiséiert Heescherei
“D’Zil ass, dass déi aggressiv Mendicitéit net méi do wier”, sou de Maurice Bauer an eiser Emissioun “Invité vun der Redaktioun. Den Ament gëtt sensibiliséiert. Duerno wier et un der Police, vu Fall zu Fall ze tranchéieren, ob et sech ëm organiséiert Banden oder Eenzelpersounen handelt, déi heeschen.

Schéissen oder net schéissen
A geschwënn ass et rëm esou wäit. Mir starten an en neit Joer. Fréier ware Knupperten a Freedefeier en absolutte Muss. Ma och haut nach gehéiert dat fir vill Leit dozou an dat obwuel et a ville Gemenge verbueden ass. Wou ass et dann dëst Joer erlaabt a wou net?

RTL kuckt zeréck
Och 2023 war fir d’Journalisten, Presentateuren an Animateure vun RTL rëm en interessant an erfollegräicht Joer. Ma wat genee ass hänke bliwwen?

Free-TV - Première
Kuckt elo de Film Corsage mat der Lëtzebuerger Schauspillerin Vicky Krieps bis de 4. Januar 2024 am Replay an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO