Viru Geriicht ass de Mann kaum ze héieren, hien nëschelt a schwätzt ganz lues. Hie bleift bei der Versioun, dass hie säi Papp net ëmbrénge wollt. D’Riichterin huet de Mann domat konfrontéiert, dass et 2-3 Minutten dauere géif, bis e Mënsch duerch Wierge géing stierwen. De Mann huet ëmmer nees betount, hien hätt säi Papp wëlle “berouegen”. “Ech wosst net, dass e Mënsch esou séier kéint stierwen”, sot den Ugekloten, awer och, “ech weess aus eegener Erfarung mam Würgegrëff, dass een do bewosstlos gëtt”. D’Riichterin ass relativ däitlech ginn, huet him virgehalen, hien hätt jo kënnen d’Situatioun verloossen. Een ze erwiergen an dat net ze wëllen, wier net iwwerteneen ze bréngen.
Firwat et op dem 25. Dezember 2022 Owes zu deem Sträit koum, konnt den Ugekloten haut och net erklären. Et wier ëm d’Relatioun tëscht sengen Eltere gaangen, an och ëm de Reproche, dass de Papp net gewollt hätt, dass si zu 3 géingen an d’Vakanz fueren.
Den Ugekloten huet och betount, hie wier amgaange gewiescht, säi Liewen no längerem Prisongsopenthalt nees op d’Rei ze kréien. Dat gouf e Mëttwoch allerdéngs a Fro gestallt. Ënnert anerem gouf thematiséiert, dass den Ugeklote reegelméisseg ouni Fürerschäin Auto gefuer ass, deels alkoholiséiert an Droge geholl hätt.
Um Owend vun der Dot war d’Frëndin vum Ugeklote mat beim Papp op Besuch. Vun der Dot selwer hätt si awer näischt matkritt, si hätt deen Owend ze vill gedronk a sech an enger anerer Kummer an d’Bett geluecht. Si wier eréischt wakereg ginn, wéi hire Frënd si an de Living geruff huet. Do hätten hien an de Papp um Buedem geleeën. “Et ass ze spéit, en ass dout”, hätt den Ugekloten hir gesot.
En Noper huet beschriwwen, dass hien de 25. Dezember 2022 e “Boum” héieren hätt, deen absolut ongewéinlech gewiescht wier. Ma dee Moment hätt hien nach net gewosst, wat an der Wunneng iwwert him geschitt war. Den Ugeklote beschreift den Noper als feine Mënsch, deen all Samschdes mat sengem Papp akafe gaangen an dann duerno eng Pizza iesse gaange wier. Dass d’Relatioun tëscht dem deemools 35 Joer ale Mann a sengem Papp net déi bescht gewiescht wier, dovun hätt hien näischt matkritt. D’Duechter vun der Fra vum Ugeklote beschreift de Mann änlech. Si hätt deelweis vu sengem kriminelle Passé gewosst, ma well hien hir Mamm glécklech gemaach huet, géif si dat net jugéieren.
No der Dot hätt d’Koppel du probéiert, d’Plaz esou an Zeen ze setzen, dass et ausgesäit, wéi wann agebrach gi wier. Op d’Fro vun der Riichterin, wéi et dozou koum, konnt d’Fra vum Prévenu net äntweren. Eng wierklech Äntwert ass si och schëlleg bliwwe bei der Fro, ob si wéisst, wéi de Papp genee gestuerwe wier. Och si huet betount, hire Frënd hätt de Papp nëmme wëlle berouegen, an hien dofir an de “Schwitzkasten” geholl. Du wieren déi zwee gefall, an do wier da vläicht d’Zongebeen vum Papp gebrach. Dat wier d’Versioun, déi hire Partner hir erzielt hätt. “Den Här ass gestuerwen, well en erwiergt gouf”, huet d’Riichterin hir virgehalen. “Dat weess ech net”, äntwert d’Fra.
Duerno hätte si sech virgeholl, ni méi iwwert déi Dot ze schwätzen. Och soss ass d’Zeie vill Äntwerte schëlleg bliwwen, zum Beispill bei der Fro, ob si net géing fannen, dass ee Responsabilitéit misst iwwerhuele fir seng Akten, oder bei der Fro, ob si net gefaart huet, dass hire Frënd och fir si kéint geféierlech ginn. “Dee Gedanken hat ech ni”, äntwert d’Fra. D’Riichterin confrontéiert d’Fra mat hiren éischten Aussoe virum Untersuchungsriichter, wou et ëm en eventuellt Plange vun der Dot gaangen ass. Deemools hätt si gesot: “Hie sot mir, dass hie säi Papp eng Kéier géing doutmaachen, mee ech hunn et net eescht geholl.” Dorunner wollt sech d’Fra haut awer net méi erënneren.
Zum Schluss vum Prozessdag hu sech zwee Familljemembere vum Affer bemierkbar gemaach, déi aus de Medie vum Prozess gewuer goufen. Si hu sech als Partie civile constituéiert a froe jee 32.000 Euro Schuedenersatz.
RTL-News (12.2.25): Mordprozess um Stater Geriicht: Mann soll säin 71 Joer ale Papp erwiergt hunn