Am Mëttelpunkt dëst Joer: D‘regional Produkter an hir Vermaartung an iwwer déi international Grénglanddeeg ginn eis Wisen thematiséiert.
Mam Thema Terroir a Produits du Terroir gëtt de Visiteur zu Ettelbréck direkt ugesprach; donieft bitt d’Foire Agricole Aktivitéite fir Kanner, Päerdsshowen, eng Stee mat Elite-Zuucht-Véi, e Kachconcours an esouguer eng Broschüre mat Fleeschrezepter.
D’Landwirtschaft an d’Gesellschaft, déi beienee fonnt hunn - wier dat Ziel erreecht, wier een en déckt Stéck weider; a mat engem Rendez-vous wéi dësem wier een um gudde Wee, well d’Leit, de Konsument, effektiv Intressi hätt, um Secteur. De Bauer misst mat sengem Wëssen u si eruntrieden.
D’Politik war haut zolidd vertrueden, kennt een eppes vum Secteur, kennt een d’Schwächten a wat muss geännert ginn. D’Politik hätt hei kloer hir Responsabilitéiten, sou de Jeff Boonen, Bauer an Deputéierten. Fir dass d’regional Vermaartung klappt, misste mer ganz Filièren opbauen an de Leit ze verstoe ginn, dass Liewensmëttel vun hei, Qualitéitsproduite sinn, erkläert d’Ministesch Martine Hansen.
D’Foire Agricole ass wéi gewinnt moies vu 9 Auer u bis e Sonndeg den owend um 19 Auer op.
LINK: All d’Fotogalerië vun der Foire Agricole fannt Dir hei.
RTL-Artikel: Foire Agricole: Kanner entdecken d’Landwirtschaft