Déi lescht 2 DeegIerfgroussherzog Guillaume an Ausseminister Bettel op Visitt an den USA

RTL Lëtzebuerg
D'Relatioune mat amerikaneschen Industrie-Betriber, déi och zu Lëtzebuerg aktiv sinn, solle gefleegt ginn.

Déi lescht zwee Deeg waren den Ierfgroussherzog Guillaume an den Ausseminister Xavier Bettel op offizieller Aarbechtsvisitt an den USA.

Zu New York war an deem Kader fir déi 11. Kéier de “Luxembourg-American Buisiness Award”. Do ginn US-Firmen, déi eben och Aktivitéiten am Grand-Duché hunn, fir hir wichteg Roll fir eis national Wirtschaft geéiert. Dëst Joer goung de Präis un d’Firma “Redwire”, déi an der Robotik spezialiséiert ass, déi haaptsächlech an der Weltraum-Technologie zum Asaz kënnt, beispillsweis fir den Entretien vu Satellitten.

De Grand-Duc héritier war virdrun och schonns zwee Deeg duerch d’USA ënnerwee an hat eng Partie Entreprisë besicht, ënnert anerem Goodyear oder Guardian.

Back to Top
CIM LOGO