Mat Ënnerstëtzung vu LuxInnovationInnovativ Bakiewe made in Luxembourg

Serge Pauly
LuxInnovation ënnerstëtzt d'Firmen, déi méi innovativ, digital oder nohalteg wëlle ginn. Ee Beispill ass d'Firma Hein, déi nei Bakiewen entwéckelt huet.
Innovativ Bakiewen made in Luxembourg
Mat Ënnerstëtzung vu LuxInnovation huet d’Firma Hein vu Stroossen sech nei orientéiert.

Wann d’Konkurrenz net schléift an de Präisdrock ëmmer méi grouss gëtt, da muss eng Firma kreativ ginn - innovéieren - fir sech och weiderhi kënnen ze behaapten. D’Agence LuxInnovation probéiert, d’Lëtzebuerger Firmen op deem Wee ze begleeden, wann déi Projeten hunn, fir méi innovativ, digital oder nohalteg ze ginn. Eng Success-Story vu LuxInnovation ass d’Firma Hein vu Stroossen. Déi huet sech op grouss Iewe fir Bäckereie spezialiséiert an ass weltwäit aktiv.

Gebak gëtt do normalerweis net. Mä wann de Wirtschaftsminister sech fir d’Geheimnisser vun enger knuspreger Baguette interesséiert, da gëtt och schonn emol ee vun den Demonstratiounsiewen ugeschmass, wéi an dësem Fall den Universal Volt. Eng Maschinn, déi d’Potential huet, fir de Marché vun de Bakiewen ze revolutionéieren. E funktionéiert nämlech net mat Gas oder Mazout, mä mat Stroum! Et ginn zwar scho Stroumiewen, mä am Universal Volt gëtt mam Stroum Waasser erhëtzt, an am Waasserdamp gëtt d’Brout da knuspreg gebak. Hein ass déi eenzeg Firma, déi esou ee System proposéiert.

Ee weidere knuspregen Detail: mat dësem Uewe kann ee bis zu 30 Prozent Energie spueren, wat an Zäite wéi dësen ee wichtegt Verkafsargument ass. Parallel dozou gouf och nach ee Pelletsuewen entwéckelt, och dat eng Innovatioun um Marché.

Well een hei zwar Bakiewe baue kann, déi weltwäit ee gudde Ruff, mee net onbedéngt déi finanziell Moyennen huet, fir esou ee Projet eleng ze stemmen, respektiv d’Expertise feelt, wou ee wéi eng Subsiden unzape kann, wier dëse Projet ouni de Support vu LuxInnovation net méiglech gewiescht.

D’Sasha Baillie, CEO vu LuxInnovation, erkläert, dass déi verschidden national an europäesch Ënnerstëtzungsinstrumenter relativ komplex sinn, a fir déi betraffe Firmen net ëmmer einfach ze duerchkucke sinn. D’Beroder vu LuxInnovation kënnen hei guidéieren an hëllefen.

D’lescht Joer hu 86 kleng a mëttelstänneg Entreprisë bei engem vun de Fit-4-Programmer vu LuxInnovation matgemaach. Do wier nach Loft no uewen, huet et en Donneschdeg de Moien op der Presentatioun vum Joresrapport 2023 geheescht. Virun allem a Saachen Digitalisatioun schéngen d’Lëtzebuerger Betriber e bësse retizent ze sinn, fir sech besser fir d’Zukunft opzestellen. LuxInnovation wëllt dowéinst elo och bei sech selwer innovéieren. De Wirtschaftsminister Lex Delles huet ugekënnegt, dass d’Programmer vu LuxInnovation vereinfacht solle ginn, an dass mat “Fit 4 Digital AI” een neie Programm ronderëm déi Kënschtlech Intelligenz dobäi komme soll.

Back to Top
CIM LOGO