Kee Wëlle fir Fridden am No-Ost-KonfliktJonk Sozialiste reprochéiere Xavier Bettel "inhaltslose Blabla"

RTL Lëtzebuerg
D'jonk Sozialisten hei zu Lëtzebuerg soe sech "schockéiert" no den Aussoe vum Ausseminister Xavier Bettel e Méindeg de Moien op RTL an um 100,7.
© AFP

Deen hat d’international Communautéit als “décken Hond”, dee billt, mee “net bäisse kann” bezeechent.

D’Jonk Sozialiste schwätze vun “inhaltslosem Blabla” an “eidele Friddensfuerdungen”. Fir si géing dat weisen, ewéi wéineg politesche Wëllen do wier, fir de Konflikt op en Enn ze bréngen.

D’JSL fuerdert e Stopp vu Liwwerunge vun “offensive” Waffen un Israel, esou wéi Frankräich an d’Ae faasst. Donieft soll Lëtzebuerg ënnert anerem de Staat “Palästina” unerkennen.

RTL-News: Invité vun der Redaktioun (7. Oktober) - Xavier Bettel “Mir hu keng Moyenen, fir eng Eskalatioun ze verhënneren”

PDF: Dat ganzt Schreiwes vun de Jonke Sozialisten.

Back to Top
CIM LOGO