Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter.
Politik geet jiddereen eppes un – Dofir goufen et am Superwaljoer 2023 direkt zwee speziell Formater fir de Kanner d’Demokratie méi no ze bréngen.
Bei “Eis Stëmmen” hu Lëtzebuerger Artisten Theme ronderëm d’Walen op hir eegen Aart a Weis interpretéiert a bei “Kleng freet Grouss” hunn eis Kanner-Reporter de Spëtzekandidaten déi Froe gestallt, déi si interesséiert hunn.
https://play.rtl.lu/shows/lb/kannaniuuss/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/eis-stemmen/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kleng-freet-grouss-rtl-kannerreporter/episodes