Et gëtt virun onnéidegen Deplacementer a Reesen an de Grand-Duché gewarnt. Besonnesch an Rheinland-Pfalz an am Saarland ginn et fir d'Lëtzebuerger elo nees Schwieregkeeten.
Well Lëtzebuerg vum Robert-Koch-Institut als Risiko-Gebitt klasséiert gouf, hunn en Dënschdeg den Owend déi eenzel Landesregierunge vun Rheinland-Pfalz an dem Saarland kommunikéiert, dass een net méi einfach esou, ouni Aschränkung dierft areesen. Villes hänkt och dovun of, wéi et an den nächsten Deeg mat eisen Infektiounszuele virugeet a wéi déi diplomatesch Gespréicher tëscht de Politiker iwwer d'Landesgrenzen ewech sech entwéckelen. D'Landesregierunge vu Saarland a Rheinland-Pfalz sinn den Ament och nach ëmmer dogéint, datt nees Grenzkontrolle mat Lëtzebuerg gemaach ginn.
Op Nofro hin krute mer vun der Staatskanzlei Rheinland-Pfalz e Mëttwoch de Moie Prezisioune geschéckt, déi ee quasi identesch an alle sougenannten „Amtlichen Verordnungen“ vun den eenzele Landesregierunge fënnt. Mir gëllen nämlech landeswäit als Risiko-Gebitt, deemno spill déi nämmlecht Reegelen, wéi fir Leit déi aus dem Landkrees Gütersloh kommen. E Landkrees, dee jo och als Risiko-Gebitt agestuuft gouf, well et do duerch den Tönnies-Skandal am Schluechthaus iwwer 1.300 Corona-Infizéierter gouf.
Wien also aktuell aus Lëtzebuerg areest, muss fir 14 Deeg a Quarantänn an d'Gesondheetsautoritéiten op der Plaz informéieren.
RTL.lu: Weider Detailer, de ganze Videoreportage an d'Commentairen zu dësem Sujet fannt Dir heiExceptioune gëlle fir Frontalieren, Leit, déi aus medezinesche Grënn areesen, oder bei soss engem sougenannten „trifftigen Reisegrund“. Dozou gehéieren, dass ee säi Partner besichen dierf, wann deen do wunnt, et gëllt bei Leit, déi sech d'Garde vun de Kanner deelen, et gëllt, wann ee Leit op der Plaz hëllefe geet oder nach wann een do studéiert oder seng Ausbildung do mécht. Donieft dierfe Leit areesen déi een negative Coronatest bei sech hunn, deen net méi al ass wéi 48 Stonnen. Den Test muss een dann ëmmer derbäi hunn.
D'Saarland réit de Frontalieren, déi op Lëtzebuerg kommen, sech reegelméisseg op de Coronavirus testen ze loossen. De Regierungs-Spriecher huet am Laf vum Owend drop higewisen, datt déi Tester jo gratis am Grand-Duché sinn. Dëst dann och, fir eng eventuell Quarantän ze evitéieren.
Fir Leit, déi hiren Wunnsëtz an Rheinland-Pfalz hunn, gëllt d'Quarantän net, wa se manner wéi 72 Stonnen hei am Grand-Duché waren. Generell gëllt d'Maskepflicht a wie géint dës Quarantän-Reegele verstéisst, muss mat enger Strof vun bis zu 25.000 Euro rechnen.
Wat awer elo d'Lëtzebuerger Residente betrëfft, déi an d'Saarland pendelen, fir hir Aarbecht, fir déi gëllt een „Tätigkeitsverbot“. Si dierfen also fir den Ament net an Däitschland schaffe goen. Par Konter fir Lëtzebuerger Residenten déi a Rheinland-Pfalz schaffe ginn, fir déi gëtt et kee Problem. Si dierfe weiderhin areesen, dat präziséiert d'Staatskanzlei.
Well all d'Bundeslänner quasi identesch Quarantän-Reglementer hunn, gëllen de Gros vun all de Reglementer uechter ganz Däitschland.
Et dierf een awer weiderhin duerch d'Bundeslänner reesen an och stoen bleiwen, fir op d'Toilette ze goen oder fir ze tanken. Et dierf ee mam Auto, mam Bus, mam Zuch reesen an et dierf een souguer op de Flughafe fueren, fir op aner Destinatiounen ze fléien.
De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn gëtt iwwerdeems de Rot, sech just an Däitschland ze deplacéieren, wann et onbedéngt néideg ass.

1) Es gelten nun für Reisende von oder nach Luxemburg die gleichen Regelungen wie zuvor bei der Betroffenheit des Landkreises Gütersloh. Für die Rechtslage in Rheinland-Pfalz macht es keinen Unterschied, ob ein Risikogebiet in Deutschland liegt oder ein anderer Staat der Europäischen Union betroffen ist. Wer aktuell aus Luxemburg einreist, muss sich grundsätzlich zunächst in Quarantäne begeben und das örtliche Gesundheitsamt informieren.
2) Die Quarantäneanordnung gilt aber NICHT für Berufspendler, Einreisen aus medizinischen Gründen, oder bei einem sonstigen triftigen Reisegrund; hierzu zählen insbesondere soziale Aspekte wie etwa ein geteiltes Sorgerecht, der Besuch des nicht im eigenen Hausstand wohnenden Lebenspartners, dringende medizinische Behandlungen, Beistand oder Pflege schutzbedürftiger Personen sowie Gründe, die in Ausbildung oder Studium liegen.
3) Es gibt eine weitere wichtige Ausnahme: Wer einen negativen Coronatest hat, der nicht älter als 48 Stunden ist, muss nicht in Quarantäne. Da Luxemburg eine sehr breite Teststrategie anwendet, können viele Menschen so eine Quarantäne vermeiden. Der Test muss immer mitgeführt werden.
4) Für Menschen, die ihren Wohnsitz in Rheinland-Pfalz haben, gilt die Quarantäneanordnung auch dann nicht, wenn der Aufenthalt in Luxemburg weniger als 72 Stunden betragen hat.
5) Generell gilt: Mund-Nasen-Bedeckung tragen, Abstand halten, auf Hygiene achten. Wer immer auf eine Reise verzichten kann, sollte besser zuhause bleiben.
Verstöße gegen die Quarantäneregelungen sind gemäß dem Infektionsschutzgesetz mit Bußgeldern in Höhe von bis zu 25.000 Euro bewehrt.
Die Regelungen für Luxemburger in den anderen Bundesländern bitte ich Sie, in den dortigen Staatskanzleien zu erfragen