Deels massiv AugmentatiounenKleng ASBLe struewele wéinst héije Fraise bei Bankkonten

David Winter
Ënnert anerem d'Lëtzebuerger Bank BIL huet d'Frais de compte fir Konte vun Associatiounen elo rezent vu 5 op 25 Euro am Mount gehuewen.
© RTL Archiv

An engem anonyme Bréif huet eng kleng ASBL dowéinst an deem Kader d’RTL-Redaktioun kontaktéiert. An anere Wierder bedeit dëst fir si nämlech eng Augmentatioun ëm ganzer 400%. Virun allem fir kleng ASBLen, déi just aus Benevoller bestinn, wier dëst en haarde finanzielle Schlag, wéi d’ASBL, déi wéi gesot anonym bleiwe wëll, an hirem Bréif erkläert.

Hei géif et sech ëm eng ASBL handelen, déi tëscht 80 an 120 Memberen hätt an och schonn zënter iwwer 30 Joer e Kont bei der BIL hätt. Ma et hätt een awer misse feststellen, dass zënter dem 1. Januar 2025 d’Fraise fir Konte vu 5 Euro de Mount op 25 Euro de Mount geklomme sinn. Dëst wieren am Joer 300 Euro, also 240 Euro méi, wéi nach am Joer 2024. Eegenen Aussoe vun der betraffener ASBL no, géif dëst ronn 20 Memberskaarten ausmaachen, eng “enorm” Zomm fir eng kleng Associatioun.

Virun allem gëtt bei der Associatioun kritiséiert , dass bei esou Decisiounen net géif ënnerscheet ginn tëscht enger klenger ASBL aus e puer Benevoller an enger grousser a finanziell vill besser opgestallter ASBL.

Ma den Trend vun de Konten, bei deenen d’Onkäschte fir d’Clientë klammen, gesäit een och bei anere Banken, wéi eis Recherchen doropshin erginn hunn. E gutt Beispill ass d’ING, déi Enn Mee 2024 mat der Annonce komm ass, Privat-Konten zouzemaachen a sech nei z’orientéieren. ASBLe kënnen hei nach ëmmer e Kont hunn oder opmaachen, hei leien d’Fraisen dann awer bei 100 Euro am Trimester, also beim selwechte Montant quasi wéi bei der BIL.

Bei der BGL sinn et 3 Euro de Mount an nach eemol 51 Euro pro Quartal. Bei der Spuerkeess, läit ee bei nëmmen 3,50 Euro am Mount, hei gouf et awer 2022 eng liicht Erhéijung bei de Frais de compte.

Back to Top
CIM LOGO