En Denkustouss wäert, mengt den AarbechtsministerKollektivcongé nach zäitgeméiss? Fir d'Sozialpartner ass dat keng Fro

Diana Hoffmann
Ass et an engem Land mat esou ville grousse Projeten nach gerechtfäerdegt, ganz Chantiere fir 3 Wochen zouzemaachen?
Ass de Kollektivcongé nach zäitgeméiss?
Ass et an engem Land mat esou ville grousse Projeten nach gerechtfäerdegt, ganz Chantiere fir 3 Wochen zou ze maachen?

En Denkustouss wäert, mengt den Aarbechtsminister. Keng Demande do fir Verännerung vum System, fannen dogéint d’Sozialpartner. Ëmmerhin gëllt de Kollektivcongé als grouss Errongenschaft aus de 70er-Joren. 2 Mol am Joer, Enn Juli an Enn Dezember, gëtt et roueg op de Chantieren.

D’Majoritéit dovunner gëtt kollektiv zou gemaach. “Ob dëst zäitgeméiss ass, misst een eng Kéier mat de Sozialpartner duerchdiskutéieren”, huet den Aarbechtsminister Georges Mischo (CSV) e Mëttwoch de Moien als RTL-Invité vun der Redaktioun gesot. Et kéint ee jo kucken, ob een dësen net kéint iergendwéi réckelen oder méi kuerz maachen. Oder eng aner Léisung fannen, wéi 3 Woche komplett zouzemaachen.

D’Gewerkschafte sinn iwwerrascht iwwer dës Aussoen. “Je pense que le ministre sait quand même bien que le sujet du congé collectif fait partie intégrante de la convention collective”, erënnert den LCGB-Gewerkschaftssekretär Robert Fornieri. De Kollektivvertrag géing tëscht der Federatioun vun den Employeuren an de Gewerkschaften diskutéiert, negociéiert an ënnerschriwwe ginn. Bis haut wier eng Ännerung vum Kollektivcongé a kenger vun dësen Diskussioune Sujet gewiescht. “D’Employeuren an d’Salariatsvertrieder, mir sinn eis eens ginn, dass am Kollektivvertrag de Kollektivcongé ass”, ënnersträicht och nach eng Kéier de Jean-Luc de Matteis, OGBL-Gewerkschaftssekretär. Dëst géing jiddereen arrangéieren. Et wier bestëmmt net déi perfektste Léisung, mee déi eenzeg, déi een hätt, fir ze garantéieren, dass d’Leit kéinten am Summer an de Congé goen.

Weder op Gewerkschaftssäit, nach op Patronatssäit hannerfreet een dësen temporäre Stëllstand. Vun de 25.000 concernéierten Aarbechter am Bau, déi ënnert de Kollektivvertrag falen, schaffen aktuell op de Chantiere 415 Salariéen. Dass nees eng Kéier soll iwwert de Sënn vum Kollektivvertrag diskutéiert ginn, versteet de President vun der Fédération des entreprises de construction net. “Mir schwätze jo iwwer alles, mee fir eis ass dat eng Saach, un där mir wierklech festhalen. Mir brauchen de Congé collectif”, sou de Roland Kuhn. Besonnesch déi kleng Betriber kéinten net funktionéieren, wann ëmmer en anere Salarié am Congé wier. D’Aarbecht um Bau wier eng Ekippenaarbecht, bei där net all Plaz duebel besat wier.

Gewerkschaften a Patronat hätten ni eng Diskussioun gehat, dass een de Kollektivcongé soll ofschafen, sou de Jean-Luc de Matteis. Et géing souwuel d’Salariéen an d’Employeuren arrangéieren.

Net grad iwwerall ass awer Paus. Op 118 Chantiere gëtt weidergeschafft. Mat esou Derogatiounen hätt ee bis elo nach keng Problemer gehat, menge Gewerkschaften a Patronat. “Bei all wichtegem Chantier krute mer nach ëmmer eng Derogatioun. Dat zum Beispill bei Schoulen oder Firmen, wou muss wärend dem Congé geschafft ginn, well da manner Leit do sinn”, ënnersträicht de Roland Kuhn. Esou Ausnamereegelunge géingen am Konsens getraff, vun der Gewerbeinspektioun ITM zesumme mat de Gewerkschaften an dem Patronat. Wieren deemno op allen Niveauen akzeptéiert.

Déi Lénk deelen dës Aschätzung net. An engem Communiqué schreiwe si: “Elo proposéiert den Aarbechtsminister deene Salariéen de leschte klengen Acquis ewechzehuelen. Mir fannen dat inakzeptabel”.

Back to Top
CIM LOGO