FamilljeplanungKritik um Appell vum Poopst kënnt vum Danielle Igniti

RTL Lëtzebuerg
Déi laangjäreg Presidentin vum Planning familial Danielle Igniti fënnt den Appell vum Poopst affrontéiert, dass d'Leit méi Kanner sollte kréien.

Hei den Appell vum Poopst

Et hätt een sech laang missen asetzen fir een anstännegt IVG-Gesetz ze kréien an fir dass d’Frae selwer iwwer hire Kierper an d’Schwangerschaft kënnen decidéieren.

” .... da kënnt een do gerullt, an da seet deen, eis wat mir ze maachen hunn. Déi Zäiten sinn dout, dat loosse mir eis net méi gefalen an deen Här soll sech ëm seng Saache bekëmmeren. Kanner maachen, dat ass ganz séier gesot, mä do brauch ee Konditiounen. Éischtens emol, wou geet ee wunnen, wann ee vill Kanner huet. Dat kann d’Groussherzogin sech leeschten, do gëtt bäigebaut ouni Problem, ouni Baugeneemegung, ouni guer näischt. Fir normal Leit ass dat net esou evident. Loyere sinn hei, wann een zwou oder 3 Zëmmer brauch, onméiglech ze bezuelen”

Et wier grad esou wéineg evident deene Kanner eng Zukunft ze ginn, Studien ze bezuelen oder nach, wann een zu 2 muss schaffe goen, déi néideg Zäit ze hunn fir d’Kanner.

Déi Froe misst e Poopst sech net stellen

Back to Top
CIM LOGO