
Bei Luxcargo Handling, dem fréiere Cargo-Center, mat ëmmerhi méi wéi 1.300 Salariéen, ware 15 Mandater ze verginn. Den LCGB krut der do 9 an den OGBL der 6.
Bei der Luxair ware 17 Mandater ze verginn, vun deene 7 un d’LCGB-Lëscht fir d’Besatzung a 4 un de SEA, also d’LCGB-Lëscht fir d’Buedem-Personal, ginn. Déi reschtlech 6 sinn un den OGBL gaangen.
2019 war d’SEA, Syndicat des employés du secteur de l’aviation, nach stäerkste Kraaft bei Luxair mat 45% vun de Stëmmen. Den OGBL an LCGB waren deemools op 25% komm, d’NGL op 5%.