Nieft den industriellen Frichen och déi kommerziell Zonen effikass notzen. Dat ass eng vun den Iddien, déi an der Consultatioun « Luxembourg in Transition » zréckbehale gouf. An eisem leschten Deel vun der Serie iwwert ënnerschiddlech Projeten gi mer elo op Féiz. Eng Ekipp ronderëm d’Uni Lëtzebuerg huet sech méi konkret mat der Zone industrielle vu Féiz beschäftegt an e Projet ausgeschafft, wéi een dës fundamental transforméiere kann.
6.200 Parkplazen, 50 Tonnen-CO2-Emissiounen pro Dag an eng extrem grouss versigelt Surface - dat sinn d’Kär Donnéeën fir Féiz aktuell. Et gëtt haaptsächlech produzéiert a consomméiert, et wunnen awer keng Leit do. Dat soll an Zukunft änneren, seet de Florian Hertweck vun der Uni Lëtzebuerg:
Mir mengen, datt een d’Saache kombinéiere kann an eng Mëschung brauch. Mir wëllen weisen, datt d’Leit kënnen do wunnen, mee och Entreprisen do bleiwen, allerdéngs méi klenger an net méi just grouss Mallen, wéi ee se aus Amerika aus de 50er Joren kënnt.
Aner Stied a Plazen hätten et gewisen, e groussen Impakt wäert dofir och zu Féiz den Tram hunn, deen tëscht der Stad an Esch fuere wäert an do stoe bleift:
Eng weider Mesure wäre sougenannten Siloen, wou d’Autoen dra parken, no bei der Autobunn. An da kéint ee successiv Féiz als Fläch autofräi maachen. An domat kann een d’Parkplazen natierlech entwéckelen an d’huet een enorm Fläche zur Verfügung.
Bis zu 10.000 Leit kéinten an der Visioun vum Florian Hertweck a senger Ekipp an Zukunft zu Féiz liewen. Wichteg wier awer virun allem d’Renaturéierung:
Engersäits kéint een Randbebauungen hunn an d’Entreprisen do bleiwen an een dann sou bannen Häff huet, wou Parkplazen also renaturéiert ginn, datt bei de Stroosse Beem geplanzt ginn, d’Autobunn vläicht eng stättesch Avenue gëtt, wann den Tram bis do ass. An d’Ëmfeld och renaturéiert gëtt, well d’Waasser bis elo net oflafe kann an dann an d’Flëss leeft, deen dann iwwerleeft. D’Land ronderëm soll also och intensivéiert ginn.
Mam Tram, deen 2028 soll bis an de Süde vum Land fuere soll, kéint een dann och ufänken, d’Parkplazen fort ze huelen an unzefänken en neie Quartier opzebauen, huet den Florian Hertweck nach betount.
Serie “Luxembourg in Transition” - Deel 1: Multifunktional Gebaier a méi dicht Bebauung am Stadkär
Serie “Luxembourg in Transition” Deel 2: Wéi soll Helfent sech an Zukunft entwéckelen?
Serie “Luxembourg in Transition” - Deel 3 Wéi een Impakt huet eis Ernärung?