An eiser neier Serie kritt Dir eng Rei Iddien a Projete virgestallt, wéi d'CO2-Bilanz vun all Awunner bis 2050 kéint reduzéiert ginn.

Luxembourg in Transition Deel 3 / Rep. Claudia Kollwelter

"Soil & People" ass den Titel vun engem vun de 4 Ekippen, déi am Kader vun der Consultatioun "Luxembourg in Transition" u Léisungen a Projete geschafft hunn, fir d'Co2-Emissiounen hei am Land ze reduzéieren. Wéi den Numm et verréit huet de Grupp ronderëm den Architektebüro "2001" sech virun allem mam Buedem an de Leit beschäftegt. Am Kader vun eiser Serie dës Woch huet d'Claudia Kollwelter mam Architekt Philippe Nathan iwwert eng vun de gréissten Erausfuerderunge geschwat, nämlech eis Ernärung.

1/3 vun eisem globalen CO2-Foussofdrock sinn op d'Alimentatioun zréckzeféieren. Fir Lëtzebuerg wier et dem Philippe Nathan no ëmsou méi dramatesch, datt eis Ernärung net equilibréiert ass. Dat villt Fleesch an déi vill Mëllechproduiten hunn en enormen Impakt op eisen CO2-Haushalt. Den Architekt betount awer, datt eis Landwirtschaft gefaangen ass an engem globalen System:

"Deen hu mer geierft nom 2. Weltkrich, wou et drëm gaangen ass, d'Leit kënnen ze ernären an engem europäesche Gebitt. Do hu mer geierft, datt d'Landwirtschaft héich subventionéiert an héich spezialiséiert ass a vläicht net méi op konkret Besoinen äntwere kann, well se vum System ofhängeg ass."

A Gespréicher mat Baueren a landwirtschaftlech Betriber hätt een awer gemierkt, datt vill vun hinne méi fort vun der industrieller Produktioun komme wéilten a sech bewosst wieren, datt et Problemer ginn. D'Proposen, déi d'Ekipp ronderëm den Architekt gemaach hunn, wieren net vum Himmel gefall. Villes wier gewosst a géif getest ginn:

"Et sinn deelweis nei Zorte vu Planzen ze kultivéieren - ewech vum Mais hin zum Soja. Ewech vum opwulle vum Buedem an en a Plaz halen an anescht beséie mat anere Maschinnen an Techniken. Alles dat kennt eis Akerbauschoul an eise Landwirtschaftsministère an eis Bauere schonn, mee d'hänkt och zesummen mat engem ekonomesche Modell, wou mer fir Sojabounen eng Zort Rösterei brauchen, fir se kënnen ze verwäerten. Mir mussen de System fërderen, fir datt en ekonomesch viabel ass an eis an Zukunft relativ produktiv Beträg ka bréngen, souwuel ekonomesch wéi och ekologesch. 

Et géif deemno e Bewosstsinn hei zu Lëtzebuerg ginn, an et misst ee versichen déi Transitioun ze areechen, wou een ewech kënnt vun engem Modell, deen zwar extrem effikass wier an der Mëllech- a Fleeschproduktioun, hin zu Planze mat méi héije Proteinnen, huet de Philippe Nathan nach betount.

An am 4. Deel vun eiser Serie kucke mer e Freideg op e weidere Projet, déi Kéier vun der Uni Lëtzebuerg, wéi si sech virstellen, datt Féiz an e puer Joer ausgesi kann.