
An déi Kooperatioun gëtt och den Ament weidergefouert, esou de Ministère op Nofro.
Zanter der Presentatioun vum Projet am Juni 2022 gouf et eng Rei Entwécklungen, wou och Lëtzebuerg dru bedeelegt war. Esou gouf Ufank Januar de Skydweller an Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Defense an der Cargolux an d’USA geflunn, fir do weiderentwéckelt ze ginn.
Zanter Kuerzem ginn och Tester ouni Pilote geflunn, nodeems am Ufank nach Piloten als Backup mat u Bord souzen. An engem Video, dee vun der Entwécklerfirma publizéiert gouf, gesäit een esou een Testvol.
Am Kader vum Projet Skydweller contribuéiert d’Lëtzebuerger Defense och zu engem Projet fir d’Entwécklung vu liichte Materialien, esou de Spriecher vum Verdeedegungsministère. Et sinn dëst Materialien, déi gebraucht ginn, fir de Fliger esou liicht wéi méiglech ze halen, dass en esou mann wéi méiglech Energie brauch an doduerch méi laang fléie kann.
D’Technologie baséiert um Projet Solar Impulse vum Schwäizer Aventurier Bertrand Picard. An der Theorie kann de Skydweller 90 Deeg autonom fléien a spéider eng Charge vu 400 Kilogramm transportéieren. 3.600 Solarzelle beliwweren de Fliger mat Stroum. Duerch Fuerschung soll d’Gewiicht esou geréng wéi méiglech gehale ginn. D’Recherche wäert och der ziviller Loftfaart zegutt kommen an de Skydweller kéint och fir net-militäresch Zwecker genotzt ginn.