
Op senger Visitt zu Kopenhagen huet den Energieminister Lex Delles mat sengem däneschen Homolog e “Memorandum of understanding” ënnerschriwwen, fir d’Lëtzebuerger Bedeelegung ënnert anerem un engem groussen Offshore-Wandpark an Dänemark bis 2030 weiderzeféieren.
Ënnert anerem gesäit d’Ofkommes vir, déi statistesch Transferten ze stäerken, fir déi national Ziler fir erneierbar Energië bis 2030 z’erreechen, grad ewéi d’Erfuerschung vu gemeinsame laangfristege Projeten am Kader vun der EU-Finanzéierungsfacilitéit fir erneierbar Energien. Doriwwer eraus soll mat der Entwécklung vun der Offshore-Energieinfrastruktur d’Stroum- a Waasserstroffproduktioun weidergedriwwe ginn.
Duerch Projete fir eng vernetzt Offshore-Infrastruktur soll ausserdeem den Transport vun den Energië bei d’europäesch Küsten an hir Verdeelung iwwer de Kontinent erliichtert ginn.
Fir de Lex Delles ass d’Wandenergie “e wichtegen Atout fir d’Europäesch Unioun, wann et dorëm geet, hir éiergäizeg Klimaziler z’erreechen”. Obwuel Lëtzebuerg e Banneland ass, wier de Grand-Duché “e Pionéier, andeems e sech weiderhi mat engem finanzielle Bäitrag fir den Asaz vu konkurrenzfäegen erneierbaren Energiesourcen an der EU asetzt”.
Link: Dat ganzt Schreiwes vum Ekonomiesministère.
RTL-News (25.11.21): Wandpark an Dänemark: Lëtzebuerg als wichtege Partner bei enger Energie-Insel