
D’Firma, déi eng Dose Leit zu Diddeleng beschäftegt, krut am Hierscht 1 Millioun Euro geklaut.
“Tousaciers” huet eng Plainte wéinst Responsabilité civile géint d’Spuerkeess lancéiert. D’Justiz huet RTL confirméiert, datt de 5. November d’Plädoyeren um Handelsgeriicht Lëtzebuerg sinn.
D’Affär vun “Tousaciers” ass interessant, well d’Justiz jo bei der Caritas-Affär och vum Presidententrick ausgeet an och hei sech d’Fro vun der Responsabilitéit vun de Banke stellt.