Konkurrenz-Autoritéit huet Dossier viruginnLëtzebuerger Fusioun an Distributioun vu Gedrénks gëtt zu Bréissel iwwerpréift

RTL Lëtzebuerg
D'EU-Kommissioun wäert Iwwerpréiwunge maachen, well d'Brasserie Nationale d'Firma Boissons Heintz wëll iwwerhuelen.
© Envato / Mint_Images

Déi grouss Lëtzebuerger Fusioun am Gedrénksberäich brauch deemno de Feu Vert vun der EU-Kommissioun. D’Lëtzebuerger Konkurrenz-Autoritéit hat den Dossier op Bréissel geschéckt, mat Verweis op d’europäescht Reglement a punkto Konzentratioun.

Och wann déi europäesch Dimensioun net ginn ass, kéint de Commerce tëscht Memberstaaten impaktéiert sinn, sou d’Kommissioun. Well déi zwéi gréisst Gedrénksdistributeure sech zesummendinn, kéint dat Konsequenzen op d’Konkurrenz-Situatioun ginn. D’Brasserie Nationale muss d’Transaktioun lo bei der Kommissioun mellen, en vue vun enger Evaluatioun.

Den Depositaire Munhowen hat rezent annoncéiert, de Konkurrent Heintz ze iwwerhuelen. Munhowen S.A ass eng Duechtergesellschaft vun der Brasserie Nationale. Beim Traditiounsbetrieb Heintz vun Housen schaffen eng 70 Leit.

Munhowen reagéiert an engem Communiqué.

Dat géing een zur Kenntnis huelen, heescht et. Allerdéngs wier dës Bréisseler Decisioun d’Konsequenz dovunner, datt den internationale Konzern Ab-Inbev, Proprietär vun der Dikrecher Brauerei, sech bei der Lëtzebuerger Konkurrenz-Autoritéit beschwéiert hätt.

Vun de Responsabele vu Munhowen heescht et, datt et an hiren Aen déi éischte Kéier wier, datt d’Kommissioun eng Analys bei regionalen Acteur mécht, bei deenen den Ëmsaz am Total ënner 130 Milliounen Euro läit.

Munhowen wëll mat de Bréisseler Autoritéiten zesummeschaffen an ass zouversiichtlech, datt d’Fusioun duerchkënnt.

Back to Top
CIM LOGO