8 nei PetitiounenLGBTQ an der Schoul, Bank-Fraisen an Éischt-Hëllef-Cours

RTL Lëtzebuerg
Déi 8 nei Petitioune brauche bis den 30. August op d’mannst 4.500 Ënnerschrëften, fir an der Chamber ëffentlech debattéiert ze ginn.

D’Fuerderungen vun de Petitionären gi wéi ëmmer vu-bis.

Gefuerdert gëtt beispillsweis en nationaalt Gesetz, dat den Ëmgang mat Freedefeier soll reegelen. D’Präisser op der Schueberfouer missten méi bëlleg ginn. Wann een de Führerschäin mécht, soll en Éischt-Hëllef-Cours mat abegraff sinn.
Oder et gëtt gefrot, dass an den offiziellen Schoulprogrammer, d’Thematik vum LGBTQ keng Roll méi dierft spillen. Déi Petitioun gouf da bannent grad emol 2 Deeg, scho bal 1900 mol ënnerschriwwen.

Den Detail fënnt ee wéi gewinnt op petitiounen.lu.

https://www.rtl.lu/news/national/a/2195927.html

Back to Top
CIM LOGO