
Beim Wierk vu Liberty Steel zu Diddeleng wier een no bei engem Abus de droit de propriété, seet den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot. Et wier e Wierk, wat kéint gutt funktionéieren, mee et wier elo keng Aktivitéit méi do. Déi elo nach 170 Salariéeën hu schonn zanter Summer net méi vill, an elo, bis op d’Maintenance, guer keng Aarbecht méi um Site.
Et wier Liberty Steel matgedeelt ginn, datt si de Site solle verkafen, an de Wirtschaftsministère huet och schonn e Keefer fonnt. Zu Lëtzebuerg hätt een awer keng Méiglechkeet, eng Expropriatioun ze maachen. Eenzeg Léisung vum Problem wier, wa Liberty Steel géing a Faillite goen, sou de Minister no der zoustänneger Wirtschaftskommissioun, déi d’CSV ugefrot hat.
D’nächst Woch wäert eng Reunioun zesumme mam Aarbechtsminister, de Gewerkschaften an der Personaldelegatioun sinn, fir iwwert d’Situatioun vun de Salariéeë vu Liberty Steel ze schwätzen.
Liberty Steel: Zu Diddeleng gëtt zwar nees geschafft, mä d’Onsécherheete bleiwe ganz grouss
Liberty Steel: Neie Plan d’affaires fir d’Walzwierk zu Diddeleng virgeluecht
Nach keng Léisung zu Diddeleng: Leit bei Liberty Steel fäerten ëm hir Pai vum Abrëll