Virwërf géint Konkurrenz a PolitikLivreur en règle, dat ass net d'Norm, esou de Chef vu Fast Track

Anne Wolff
"Fast Track Food Delivery", eng Firma déi an der Livraisoun vun Iesse spezialiséiert ass, dréckt Virwërf géint Konkurrenten a géint d'Politik aus.
Livreur en règle, dat ass net d'Norm, esou de Chef vu Fast Track
“Fast Track Food Delivery”, eng Firma déi an der Livraisoun vun Iesse spezialiséiert ass, dréckt Virwërf géint Konkurrenten a géint d’Politik aus.

Fast Track Food Delivery / Reportage: François Aulner

Ewéi wann deloyal Konkurrenz an aner ekonomesch Contrainten net géingen duergoen, gëtt d’Firma mat Protokoller gequäält wann hir Livreuren op Livraisounsplaze parken.

De Joao Esteves a seng Mataarbechter, déi ons bei sech am Büro um ale Kierchbierg empfaangen hunn, si frou, datt mir do sinn, well si soen, et muss eppes geschéien. Datt d’EU-Direktiv vun Abrëll un ëmgesat gëtt, kënne se kaum erwaarden, well vun dann un d’Plattforme musse beweisen, datt hir Livreuren Independante sinn, mee dat geet net duer. Fast Track schafft haaptsächlech mat Salariéen an de Joao Esteves ass sécher: et wier onméiglech, datt all déi aner honnerte Livreuren, déi een all Dag geséich, all korrekt ugemellt wieren. Hie seet: “Mir gesinn all Dag Leit op der Strooss, déi bei eis laanscht komm sinn an déi hir Dokumenter net an der Rei hunn, also kann et net sinn, datt se bei aneren Entreprisen an der Rei sinn”.

Et wieren dacks Leit, déi net aus der EU sinn an et bräicht ee 6 bis 7 Méint fir eng Aarbechtsgeneemegung fir si ze kréien. Wéi wier et da méiglech, datt si no 2 oder 3 Méint hei am Land oder 2 Deeg nodeems se bei Fast Track ugeklappt hunn, bei engem anere schaffen, freet de Joao Esteves. Och fir “Freelance” ze sinn, bräicht een eng Autorisation de commerce, déi een net vun haut op muer kréich. Hie wëll keen onfaire Konkurrent mam Numm nennen, mee kritiséiert - au passage - déi Plattformen, deenen hir Livreure mat de bloe “vel’OH”'en aus der Stad oder esouguer mam Bus liwweren.

“Mir probéieren, eng anstänneg Aarbecht ze maachen”, esou de Joao Esteves. Hir Chauffeure géinge forméiert, hir Pabeiere kontrolléiert ginn a se géinge sech permanent identifizéieren. Déi aner Chauffeure géingen e Bild ofginn, dat hien net gär gesäit. Hie begréisst d’Kontrolle vun der Gewerbeinspektioun ITM an hofft, datt och déi aner Livreuren, genee ewéi seng, kontrolléiert ginn. Un d’Politik mécht de Joao Esteves den Appell, datt d’Plattformen och méi vun den 30-35%, déi se vun de Restauranten a Clientë kréien, de Livreure ginn.

Sonndesstonnen, TVA a Protokoller

D’Sonndesaarbecht ass dann e weidere groussen ekonomesche Problem fir e Betrib, dee senge Livreuren e Salaire bezilt. “42 euros de l’heure le dimanche!”, betount de Joao Esteves a freet, ewéi dat soll rentabel sinn, iwwerdeems déi sougenannt Independanten, mee och Leit, déi a Restaurante schaffen, sonndes net méi bezuelt ginn. Fir de Chef vu Fast Track ass kloer: d’Liwwerfirme brauchen och e Regime ewéi den Horeca-Secteur.

A sengen Ae wier et iwwregens och net méi zäitgeméiss, datt op fäerdeg Platen, déi geliwwert ginn, en Taux vu 17% TVA applizéiert gëtt, iwwerdeems fir Iessen a Restauranten den Taux “super-réduit” vun 3% spillt.

Eng weider Fuerderung riicht sech méi un d’Gemengepolitik: De Joao Esteves huet ons e Bréif vun der Gemeng Lëtzebuerg gewisen: d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet 2019 schonn de Livreuren ausdrécklech erlaabt, sech op Livraisounsparkplazen ze stellen. Op ee Joer gekuckt, géingen d’Leit vu Fast Track trotzdeem ronn 25.000 Euro u Protokoller bezuelen, well d’Pecherten, d’Agente vun der Gemeng, awer Protokoller ginn. Dat wéinst engem Gesetz vun 1955, no deem d’Livraisoun vu fäerdege Platen net als Wuer unzegesi wier.

Back to Top
CIM LOGO