Indépendant oder Salarié?Verdacht, datt Liwweranten net richteg oder guer net ugemellt sinn

Anne Wolff
RTL-Informatiounen no huet d'Gewerbeinspektioun ITM mat der Police rezent nees Kontrollen am Beräich vun den Online-Liwwerservicer gemaach.
Verdacht, datt Liwweranten net richteg oder guer net ugemellt sinn
RTL-Informatiounen no huet d’Gewerbeinspektioun ITM mat der Police rezent nees Kontrollen am Beräich vun den Online-Liwwerservicer gemaach.

Et besteet de Verdacht, datt eng ganz Rei Liwweranten net richteg oder guer net ugemellt wieren. Eng Instruktioun ass en Cours, esou datt d’ITM keng weider Detailer wollt ginn. Déi Informatioun weist awer op alle Fall, datt a Punkto Aarbechtskonditiounen a Verhältnisser tëscht de Liwweranten an de Plattformen nach ëmmer Klärungsbedarf ass.

Delivery ITM / Rep. François Aulner

Virun 3 Joer waren d’Verwalter vun der Firma H.T. Layer Europe, déi Wedely bedreift, scho vun engem Geriicht zu Geldstrofe verurteelt ginn, well se op Liwweranten zeréckgegraff haten, déi net ugemellt waren.

Klore Lien tëscht Plattform a Liwwerant

De Business vun de Liwwerplattforme boomt an Europa an och hei am Land. D’Gewunnecht sech per Klick beliwweren ze loossen, huet besonnesch an der Covid-Kris zougeholl. Zanter Jore warnen awer Gewerkschaften, traditionell Betriber oder eng Rei Politiker virun onfairer Konkurrenz, schlecht bezuelten Jobs oder nach, datt d’Liwweranten net sozial ofgeséchert wieren.

Fir de Marco Wagener vum LCGB kéint dat dorobber zeréckzeféiere sinn, datt d’Liwweranten – dacks jonk Leit oder Leit, déi grad hei ukomm sinn - “vergiesse” kéinte sech unzemellen. Se kéinte sech net bewosst sinn, datt, wat se kréien, Brutto wier an net Netto.

Mee den eigentleche Problem gesäit de Gewerkschaftler an der “Schäin-Selbstännegkeet”. D’Liwweranten wiere keng Independanten, mee Salariéen an deemno missten d’Plattforme se umellen an assuréieren. Wann eng Geschäftsleedung nämlech Virschrëfte gëtt a wann et Sanktioune kéint ginn, da géing et “ganz kloer e Beschäftegungsverhältnis” ginn.

De Marco Wagener verweist och op eng EU-Direktive iwwert d’Plattform Aarbecht hin, déi am Abrëll vum EU-Parlament guttgeheescht gouf. De sprangende Punkt ass, datt d’Liwweranten elo als Employé ugesi ginn, bis d’Plattform-Betriber beleeën, datt hir Liwweranten Independante wieren.

Liwwerer gepréift, mee selwer responsabel

De Ludvig Helmertz, Interim-Direkter vu Wolt hei am Land, seet, dat wier einfach ze beweisen. Éischtens emol well d’Liwweranten och fir aner Plattforme liwwere kéinten a ganz flexibel wieren: “Du decidéiers selwer wéini s du online oder offline bass. Du decidéiers, ob s de eng Tâche acceptéiers oder net. Däi Revenu gëtt ëmmer am Virfeld gewisen”. A sengen Ae wier vun dohier kloer, datt d’Liwweranten d’Responsabilitéit hätten, fir sech bei der Sécurité sociale unzemellen. Onofhängeg dovunner géing Wolt och préiwen, ob d’Pabeieren an der Rei wieren, wann en neie Partner hiren Algorithmus benotzt. Mat 19,3 Euro d’Stonn am Duerchschnëtt dierf et dem Ludvig Helmertz no engem Liwweranten net ze schwéier falen, fir déi Cotisatiounen ze droen.

Ugeschwat op d’Enquête vun der ITM sot ons Wolt, si wiere net kontaktéiert ginn. Wann deem esou ass, da kéint dat bedeiten, datt d’Liwweranten onofhängeg vun der Plattform, fir déi se schaffen, kontrolléiert goufen.

Esoulaang d’EU-Direktive hei am Land nach net ëmgesat ass, besteet weiderhin e “Flou”. Déi viregt Regierung wollt schonn e Kader fir d’Plattform-Aarbecht schafen. Den neien Aarbechtsminister Georges Mischo sot am Juni schonn, et wéilt een d’Direktive ëmsetzen, mee net méi wäit goen.

Back to Top
CIM LOGO