
Bei där Pressekonferenz war et jo ëm e gréisseren Drogecoup gaangen. D’Deputéiert Liz Braz wollt wärend der parlamentarescher Froestonn wëssen, ob hie sech selwer invitéiert hätt, ob hie sech domat hätt wëlle perséinlech an Evidence setzen an ob déi verfassungsrechtlech Onofhängegkeet vun de Justizautoritéiten elo a Fro gestallt wier?
Den Inneminister Léon Gloden sot, et wier him wichteg gewiescht, den Autoritéite Merci ze soen, fir de Succès am Kampf géint d’Drogen a si ze ënnerstëtzen. D’Fro vun der LSAP wier komplett niewent der Plack an den Niveau vun där Fro wier net ganz héich, esou de Minister. D’LSAP-Fraktioun géing hei politesche Populismus bedreiwen.