
Éischten Informatiounen no wier de Mann Affer vun engem Gewaltakt ginn. De Mann gouf an d’Spidol ageliwwert, wier awer net liewensgeféierlech blesséiert gewiescht, heescht et op Nofro vun der Police. Ee Messer wier aller Warscheinlechkeet no net involvéiert gewiescht.
Well de Mann sech net méi kloer un de Virfall erënnere kéint, géif een elo no Zeie sichen, esou de Policespriecher RTL géigeniwwer. De Virfall kéint sech am fréie Sonndegnomëtteg an der Géigend vum Tramsarrêt “Hamilius” oder am Garer Quartier zougedroen hunn.
Wien an deem Zesummenhang Informatioune ka ginn, ass gebieden, sech um Stater Policebüro ze mellen, dat per Telefon un d’Nummer (+352)244401000 oder per Mail u police.luxembourg@police.etat.lu.
Eréischt e Sonndeg virun zwou Wochen, de 26. Januar, krut d’Police e blesséierte Mann op der Héicht vum Tramsarrêt “Hamilius” gemellt. Hei war éischten Informatiounen no e Messer am Spill an d’Affer koum mat schwéiere Blessuren an d’Spidol.