
Um spéiden Donneschdeg den Owend koum et net just op der Plëss an der Stad zu enger Kläpperei, ma och zu Ettelbréck.
Wéi d’Police matdeelt, gouf bei enger Kläpperei an engem Lokal an der Grand-Rue ee Mann mat engem Messer um Aarm blesséiert. D’Affer huet no enger Éischtversuergung op der Plaz missen an d’Spidol bruecht ginn.
D’Police huet sech direkt op d’Sich nom Verdächtege gemaach a konnt de presuméierten Täter kuerz Zäit drop stellen. Wärend d’Beamte sech mat him beschäftegt hunn, huet de Verdächtege probéiert, een onbekannte Géigestand ofzeschlécken. D’Beamten hunn hien doropshin an eng Klinick bruecht, fir ee Kierperscan ze maachen. Ofgeschléckten Drogeplombe goufen an deem Kader keng fonnt, mee et goufen e puer Gramm Kokain bei him fonnt.