De Familljeministère an de Statec hunn dës Zuele rezent publizéiert. Aus den Donnéeë geet och ervir, dass et um Niveau vun der Educatioun bei de Leit, déi een Handicap hunn, Defiziter ginn. Et wier gutt, dass een dës Statistiken elo huet, soen d’Associatiounen, déi an deem Beräich engagéiert sinn, elo kéint een dru schaffen, fir d’Situatioun ze verbesseren.
Ouni déi néideg Formatioun a Qualifikatioun ass et fir Leit mat Behënnerung ganz schwéier, um Aarbechtsmaart eng Plaz ze fannen, seet och d’Direktesch vun Info-Handicap. Inclusioun muss esou fréi wéi méiglech stattfannen, fuerdert d’Christine Zimmer.
An de leschte Jore wäre scho vill Efforte gemaach ginn. Zum Beispill goufen an de Primärschoulen Instituteurs pour élèves à besoins spécifiques agestallt. Esou Léierpersonal soll elo geschwënn och an de Lycéeë bäikommen.
Zil wier eng inklusiv Gesellschaft, seet Info Handicap. Educatioun an Aarbecht wieren zwee wichteg Pilieren.