
Den Ament leien d’Ausgabe fir Defense bei 1,32 Prozent vum nationale Räichtum. Lëtzebuerg huet sech bei sengen NATO-Partner verflicht, bis 2030 zwee Prozent vu sengem nationale Räichtum (RNB) an de Militär ze investéieren. Dat wier eng Hausse vu 600 Milliounen Euro.
Aktuell gëtt awer och diskutéiert, ob dëst iwwerhaapt duergeet. Bis den Nato-Sommet Enn Juni wëll d’Lëtzebuerger Regierung decidéieren, wéi ee sech vis-a-vis vun de Partner positionéiert.
Op Nofro wollt de Verdeedegungsministère net matdeelen, wat d’Lëtzebuerger Arméi genee u Material huet. Aus Sécherheetsgrënn wier dëst net méiglech, krute mir schrëftlech op eis Nofro matgedeelt.
Huet Lëtzebuerg beispillsweis Rakéitenofwiersystemer op sengem Territoire stoen?
Bekannt ass, dass Lëtzebuerg mat engem A400M an e Militärfliger investéiert huet. D’Arméi kritt bis 2026 80 nei Ween vum Typ Dingo. Et handelt sech ëm den CLRV, eng Zort blindéierten Transporter. De Budget fir de komplette Pak beleeft sech op ronn 367 Milliounen Euro iwwer 30 Joer.

Wat d’Lëtzebuerger Arméi misst fir e Panzer oder Drone bezuele konnt de Verdeedegungsministère op Nofro net genee soen. Dat géif vu ville Facteuren ofhänken, esou heescht et an enger schrëftlecher Äntwert:
“Dat hänkt vum Typ Panzer oder Dron of, mee et gëtt hei keng ëffentlech Präislëschten. De Präis kann och staark variéieren, jee no de spezifesche Besoinen (z.B. Sous-Systemer, speziellt Equipement, Panzerung, Waffesystem, Kommunikatiounssystem, etc.) an de bestallte Quantitéiten. Och bei den Drone gëtt et grouss Ënnerscheeder, jee nodeem ob et ëm Surveillance-Dronen, Loitering Ammunition oder arméiert Drone geet. An och bannent deene Kategorien variéieren d’Präisser signifikant, jee no de Kapazitéite vun deene verschiddene Systemer.”

Déi däitsch Bundeswehr huet 105 Panzer vum Typ Leopard 2A8 kaf fir 2,93 Milliarden Euro, also ronn 27,9 Milliounen Euro pro Stéck. D’Präisser fir de Modell vun esou engem Panzer kënne tëscht 20-30 Milliounen Euro variéieren.

D’Käschte vu militäreschen Drone variéieren och staark jee no Typ, Funktiounen an Hierkonftsland. Am Juni 2024 huet Litauen annoncéiert, dräi verschidden Typpe vun Drone fir insgesamt 36 Milliounen Euro ze kafen.
Lëtzebuerg huet sech am November 2024 der sougenannter Drone-Koalitioun ugeschloss. Op Initiativ vu Groussbritannien a Lettland gouf dës am Februar 2024 gegrënnt mam Zil d’Ukrain militäresch ze ënnerstëtzen. Lëtzebuerg hat am November 3,4 Millioune Euro bezuelt, Dausenden Drone krut d’Ukrain vu senge Partner versprach.
Schonn am Kader vun enger BeNeLux-Kooperatioun hat Lëtzebuerg 2024 24 Primoco Air Surveillance Drone stellvertriedend fir déi aner Partenaire kaaft an un d’Ukrain geliwwert, dat inklusiv Sensoren, Buedemequipement, Training an initiale Support.
Bei Drone kënnen d’Präisser vun e puer Dausend bis e puer Milliounen Euro reechen.
Am Dir Hutt Wuert op RTL sot de Xavier Bettel, dass hien d’Mandat vun der Regierung krut, fir mat Industrien ze schwätzen, déi Waffe produzéieren a fir ze kucken, ob et Interessi gëtt, zu Lëtzebuerg ze investéieren.
Ausserdeem sot den Ausseminister:
“Mir sinn an der Kommunikatioun gutt, mir sinn an der Cybersecuritéit gutt, wann zum Beispill muer een Drone wëll hei bauen, da gleeft mer et, dann ass e wëllkomm, well déi kann een och fir aner Saache benotzen.”
De Xavier Bettel huet do de sougenannten Dual-Use ugeschwat. Drone kann ee souwuel fir zivil, wéi och fir militäresch Zwecker notzen.

Op der Uni Lëtzebuerg gëtt och am Beräich Drone gefuerscht. Am RTL-Interview am Mee 2024 hat e Fuerscher confirméiert, dass och an dësem Beräich gefuerscht gëtt, ouni Detailer ze nennen.
Och d’Lëtzebuerger Arméi huet eng Expertis, wat Reconnaissance mat Dronen ugeet. Esou ware bis viru Kuerzem och ronn 20 Lëtzebuerger Zaldoten am Mali stationéiert. Eng Partie Natiounen hunn do Militärtraining gemaach. D’Lëtzebuerger hu mat Hëllef vun Dronen déi Trainingen ofgeséchert.
Eng eegen Drone-Produktioun géif aus ville Grënn deemno an de Lëtzebuerger Ekosystem passen.