
D’Verwaltungsgeriicht huet den Agrément vum Ministère fir d’Sécurité sociale fir d’CMCM, der Caisse Médico Complémentaire Mutualiste, annuléiert. Dat well d’Leeschtungen, déi eng Mutelle däerf accordéieren, variabel misste sinn an dat a Funktioun vun den disponibele Ressourcë vun der Mutuelle.
Déi Dispositioun stoung zum Zäitpunkt vum Recours vun der ACA nach net an de Statute vun der Mutuelle an d’Riichter hu sech op deen Zäitpunkt bezunn, esou d’Erklärung vum President vun der CMCM. De Gilbert Goergen sot eis op Nofro hin um Telefon, datt déi Dispositioun antëscht an de Statutten ageschriwwe gouf.
Elo wier de Ball beim Ministère, fir ze kucken, ewéi een nom Urteel géing virgoen: Ob een den Agrément misst upassen oder erneieren. Fir de Gilbert Goergen wier kloer, datt d’Membere vun der CMCM trotz dem Urteel keng Leeschtung wäerte verléieren.
D’Ministesch Martine Deprez huet iwwerdeems nach net decidéiert, ewéi si wëll mam Urteel ëmgoen oder ob si an Appell geet. Hire Santés- a Sozialministère huet um Dënschdeg an enger kuerzer schrëftlecher Äntwert op Nofro hi just matgedeelt, datt hir Zerwisser, déi fir den Dossier CMCM zoustänneg sinn, amgaang sinn, “d’Konsequenze vum Urteel z’exploréieren” an ze kucken, ewéi eng “Piste sech erginn”.