Tilly Metz vun Déi Gréng am Interview"Mir brauchen och méi Solidaritéit tëscht de Länner"

Pierre Weimerskirch
D'Spëtzekandidatin vun Déi Gréng, Tilly Metz, war Invitée am Kader vun den Europawalen am Format "5 Froen un".
5 Froen un d'Tilly Metz vun Déi Gréng
D’Spëtzekandidatin vun Déi Gréng, Tilly Metz, war Invitée am Kader vun den Europawalen am Format “5 Froen un”.

Europa wier fir vill Leit nach wäit ewech a komplizéiert, esou déi aktuell gréng Europadeputéiert. Vill national Gesetzer géifen opgrond vun europäeschen Direktive geholl ginn, an de Medie wier dacks déi national Politik am Vierdergrond. Fir d’EU-Parlamentarier wier et wichteg, méi no un d’Leit erunzekommen.

“Dës Wale si wierklech richtungsweisend fir d’Zukunft”

Präisdeierecht, Klimawandel a Krich si laut dem aktuelle Politmonitor d’Haaptsuerge vun de Leit. A villen europäesche Staaten hu gréng Parteie rezent an der Gonscht vun de Wieler agebousst. Fir d’Tilly Metz sinn dës Wale ganz wichteg: “Ech weess, dat héiert een ëmmer wann ee viru Walen ass, mee ech mengen, dës Wale si wierklech richtungsweisend fir d’Zukunft.”

D’Fro wier déi, wéi een Europa ee wéilt. Eent, wou mer de Mënsch schützen, d’Natur respektéieren an domadder och d’Wirtschaft stäerken, oder ob een éischter op der Säit vu groussen Entreprise wier, wou een déi privilegéiert Leit nach méi géif privilegéieren, esou d’Spëtzekandidatin vun Déi Gréng. D’Wieler missten an de Parteiprogrammer kucken, wéi eng Wäerter déi jeeweileg Parteie vertrieden.

Et misst een et fäerdeg bréngen, de Wieler ze weisen, wat et géif bedeiten, wann Extreemrietser méi Muecht géife kréien: “Ech mengen, mir gesinn et och an engem Land wéi Argentinien. Wat bedeit et fir d’Pressefräiheet, wat bedeit et fir de Rechtsstaat a wat fir eis Fräiheeten?”

Europäesch Migratiounspolitik

De Mënschen, déi op der Flucht sinn, misst een hëllefen, esou d’Tilly Metz: “Mir brauche méi Solidaritéit, mee mir brauchen och méi Solidaritéit tëscht de Länner. Dee Migratiounspak war fir mech, fir eis Gréng, carrement en No-Go. Et ass net andeems een d’Mënsche méi onmënschlech behandelt, dass mer se dovun zeréckhalen, ze flüchten.”

Et bräicht ee legal Weeër an Europa a kloer Reegelungen, den aktuellen europäesche Migratiounspak wier keng Léisung fir de Problem.

D’Europawale sinn den 9. Juni. Am Virfeld kommen all d’Parteien, déi eng Lëscht deposéiert hunn, am Format “5 Froen un” zu Wuert. Am nächste “5 Froen un” ass d’Martine Kemp vun der CSV am Interview.

LINK: All d’Episode vum “5 Froen un” fannt Dir um RTL Play

Back to Top
CIM LOGO