
D’Police sicht an deem Kader elo no Zeien. Den Accident war e Sonndeg géint 13 Auer op der Kräizung tëscht der Rue de Mersch an der Rue de Mamer zu Koplescht. Nieft dem groe BMW-Motorrad vum Verstuerwene war och nach ee roude Ford Fiesta an den Accident implizéiert.
Well den Oflaf vum Accident nach muss gekläert ginn, sicht d’Police elo no Zeien. All Informatioune si fir de Policebüro vu Kapellen ënnert der Telefonsnummer 244-30-1000 oder per E-Mail un d’police.capellensteinfort@police.etat.lu.