
Wéi de Porte-Parole vun der Justiz de Kolleege vum Tageblatt géintiwwer confirméiert huet, soll de Prozess am Dossier vun dësem déidlechen Tëschefall nach virun der Summervakanz ufänken.
Den 20. Januar 2023 war e Mann ëm d’Liewe komm, nodeems hie wärend dem Nowuess-Training mat engem Messer op den Terrain koum an do Leit menacéiert an attackéiert hat. De Parquet hat kuerz drop confirméiert, dass en 22 Joer ale Mann Doutschlag reprochéiert kritt. Et hat do och geheescht, dass d’Enquête eng Zäit dierft daueren.
Ugeklot sinn, nodeems d’Enquête an déi juristesch Prozeduren ofgeschloss sinn, en Trainer an e Papp vun engem Jugendspiller. E geneeën Datum fir de Prozess-Optakt steet awer nach net fest.
Nouvelle vum 21.01.23: Déidlechen Tëschefall mat Messer beim Trainingsterrain vun der Jeunesse Esch