Zefridde mam ResultatNationalcomité vum OGBL mécht d'Nolies vun de Sozialwalen

Jean-Marc Sturm
Christophe Hochard
Beim onofhängege Gewerkschaftsbond ass een zefridde mam Resultat no de Sozialwale mat bal 2.300 Personaldelegéierten.
OGBL mécht d'Nolies vun de Sozialwalen
Beim onofhängege Gewerkschaftsbond ass een zefridde mam Resultat no de Sozialwale mat bal 2.300 Personaldelegéierten.

D’Gewerkschafte wiere grad elo ganz wichteg a missten um qui-vive bleiwen, esou d’Presidentin Nora Back:

“Mir sinn a Krisenzäiten, d’Krise ginn oft um Bockel vun de Leit ausgedroen. Mir hunn eng nei Regierung, déi eng konservativ-liberal Regierung ass, wou mir musse fäerten, dass eis Errongenschaften ugegraff ginn, wou mer eis mussen asetze fir d’Situatioun vun de Leit. Mir hu ganz vill Dossieren, déi op eis wäerten duerkommen, wéi ënnert anerem den Dossier Pensiounen. Mä awer och d’Steierfro, wou mir endlech méi Gerechtegkeet brauchen, an d’Aarbechtsrecht insgesamt, wou mer sécher a gutt Aarbechtsplaze brauche fir d’Leit.”

D’Nora Back vum OGBL


Schlecht Nouvelle gouf et jo rezent fir Frontalieren aus Däitschland. Vun dësem Joer u kënnen an hirem Heemechtsland Steieren op Iwwerstonne fälleg ginn. Do rëselt ee beim OGBL de Kapp.

D’Nora Back iwwert d’Frontalieren an Däitschland

Den OGBL zelebréiert dann den 1. Mee dëst Joer nees um Dag vun der Aarbecht, net am Virfeld. De Rendez-vous bleift awer an der Abtei Neimënster.

Back to Top
CIM LOGO