Als Noper vu Russland spieren d‘Esten d‘Menace all Dag. Dofir si si och méi empfindlech beim Sujet europäesch Defense ewéi vläicht aner EU-Memberstaaten.D‘Premierministesch vun Estland Kaja Kallas gëllt als westlech Politikerin déi eng ganz konsequent Haltung géint Russland huet. An déi Approche wëll si och als méiglech nei EU-Chefdiplomatin bäibehalen. Um Mëttwoch war d‘Kaja Kallas op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg.
Virop a Punkto Digitaliséierung kann ee vill vun Estland léieren, huet de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden op der Pressekonferenz no der Entrevue mat der Kaja Kallas gelueft. Déi digital Carte d‘identité gëtt et do zanter ronn 20 Joer. Lëtzebuerg wëll awer virun allem léieren, fir Walen digital z‘organiséieren. Lëtzebuerg kann Estland mat Data-Kapassitéiten entgéintkommen.
Wien d‘Kaja Kallas invitéiert, muss awer domat rechnen, dass sech vill ëm d‘Thema europäesch Defense dréine wäert. Estland war bis uganks den 90er sowjetesch besat. D‘russesch Invasioun an d‘Ukrain ass eng nei Menace an der Envergure, seet d‘Kaja Kallas am RTL-Interview. Et géing ëm de Weltfridde goen.
„Wann Aggresséieren eppes bréngt, wann Russland domat duerchkënnt, da gesi mir méi der Aggressiounen an der Welt.“
D‘Zil, dat NATO an EU bis elo zesummen ausschwätzen, ass et, d‘Ukrain esouwäit ze ënnerstëtzen, dass si de Krich net verléiert. Déi Nuance mécht d‘Kaja Kallas bewosst net. Si schwätzt vun der ukrainescher Victoire.
„Mir mussen dofir suergen, dass Russland net gewënnt. Mir musse kucken, dass d‘Ukrain gewënnt a Russland zeréck hannert d‘Grenzen geet.“
D‘Medien nenne si gär „Iron Lady“ d‘Dame aus Eisen, well hir Positioune géint Russland net ze brieche sinn. Et ass der Kaja Kallas och egal, dass si fir de Kreml offiziell persona non grata ass. Si géif gär EU-Chefdiplomatin ginn, fir déi 27 EU-Staaten op eng gemeinsam Linn a Saachen Sécherheetspolitik ze bréngen a Russland nach méi kloer d‘Stier ze bidden. A fir de klengen a relativ neien EU-Member wär et natierlech eng Fro vu Prestige, wann eng Estin EU-Chefdiplomatin wär.
„Wéinst der geopolitesch ugespaanter Situatioun an der Welt wär dat eng gutt Geleeënheet fir d‘Stëmm vun Estland op déi grouss Verhandlungsdëscher ze bréngen, wou mir bis ewell net dobäi waren.“
Dowéinst wéilt si deen EU-Top-Job kréien. A fir de Lëtzebuerger Premierminister ass et keng Fro, dass hien d‘Kandidatur vun der liberaler Kaja Kallas um Donneschdeg um EU-Sommet ënnerstëtze wäert. Dem Luc Frieden no ass d‘geléiert Juristin, iwwerzeegten Europäerin, déi de Prinzip vum Rechtsstaat verdeedege géif.
Estesch Premierministesch Kaja Kallas am Portrait: Gutt Chancen op EU-Spëtzeposten