Et ass ee vun de beléiftsten Trëppeltier zu Lëtzebuerg: Den hëlzene Stee am Mëllerdall, dee bei e klenge Waasserfall an en natierleche Baseng mat glasklorem Quellewaasser féiert. Den Holzstee ass no 10 Joer awer zimmlech baufälleg. Aus Sécherheetsgrënn gouf de Wee bei d’Kallektuffquell bis op Weideres gespaart - dat kuerz virun der Touristesaison.
“Dës Decisioun ass eis net einfach gefall, well de Stee ass net just e wichtegen touristeschen Highlight, mä och e Symbol fir déi besonnesch Relatioun vu Mënsch an Natur an eiser Regioun”, schreift d’Gemeng Konsdref e Méindeg an engem Communiqué.

Den Holzstee iwwer ronn 600 Meter wier duerch “déi fiicht an däischter Ëmgéigend vum Bësch” ëmmer méi faul a geféierlech ginn. An och déi sëllege Reparaturen an de leschte Joren hätte just kuerzfristeg gehollef. D’Naturschutzverwaltung ANF huet dowéinst decidéiert, datt “d’Sécherheet vum Stee net méi garantéiert” ka ginn.
Eng nei Konstruktioun wier awer scho quasi an der Maach. “Et gi scho Pläng fir en Neibau. Am Kader vun enger Etüd gëtt eng Ënnerkonstruktioun aus Metall, déi op Schrauffëllementer steet, als zukunftssécher Léisung ugesinn”, wéi d’Gemeng Konsdref nach preziséiert. Ma och wann een de Projet sou séier wéi méiglech wéilt realiséieren, bräicht esou eng Initiativ Zäit a kéint “net vun haut op muer ëmgesat ginn”.
Bis den neie Stee fäerdeg ass, kënne Wanderer d’Kallektuffquell iwwer den neie Wanderwee W7 erreechen.

Link: Dat ganzt Schreiwes vun der Gemeng Konsdref zu der Spärung vum Holzstee am Mëllerdall.
RTL-News (28.10.24): Kallektuffquell um Mëllerdall Trail: Den 10 Joer ale Stee ass faul – eng Etüd soll Léisunge bréngen
RTL-News (24.10.24): Kallektuffquell: Steegen am Mëllerdall deels a schlechtem Zoustand