Léon Gloden rassuréiertNet méi Kontrollen ewéi wärend den Olympesche Spiller

RTL Lëtzebuerg
Op der Grenz tëscht Frankräich a Lëtzebuerg ginn et vum 1. November un nees Kontrollen, op d’mannst fir 6 Méint.

Esou ewéi d’Schengen-Reegele virgesinn, kann e Land dat maachen, wann et Grënn gëtt ëm d’ëffentlech Sécherheet ze fäerten. De franséischen Inneministère huet d’EU-Kommissioun notifiéiert, datt et déi am Moment gëtt.

Et gouf scho Kritik a Reaktiounen op Lëtzebuerger Säit, a Suergen op Säite vun de Frontalieren. Den Inneminister Léon Gloden huet am RTL Interview um Bord vu senger Visitt a Slowenien rassuréiert: “D’Kontrolle wäerten net anescht sinn ewéi wärend den olympesche Spiller am Summer.” An där Zäit wier et senges Wëssens net zu méi Stau komm. De Léon Gloden géing och nach d’nächst Woch mam franséischen Inneminister Bruno Retailleau schwätzen.

De Léon Gloden sot Schengen misst liewen. An hien huet d’Effikassitéit vun de Grenzkontrollen an Däitschland hannerfrot. Déi Kontrolle kéint een a sengen Aen grad esou gutt bannen um Territoire maachen.

Luc Frieden iwwer Grenzkontrollen: “Ech hunn deenen 2 Kolleege kloer gesot, dass ech dat keng gutt Iddi fannen”

Back to Top
CIM LOGO