SES keeft IntelsatOGBL fäert méiglechen Ofbau vu Personal zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Den Onofhängege Gewerkschaftsbond rifft de Premier Luc Frieden dozou op, sech fir d'Salariéë vun der SES a vun Intelsat anzesetzen.
© RTL Archiv

D’Annonce vum Satellittebedreiwer SES en Dënschdeg, de Konkurrent Intelsat z’iwwerhuelen, gouf vum Premierminister als “exzellent Nouvelle fir d’Lëtzebuerger Ekonomie” begréisst.

Déi 650 Mataarbechter vun der SES a 60 Mataarbechter vun Intelsat dierften awer net vergiess ginn, warnt den OGBL, deen d’majoritär Gewerkschaft bei der SES an déi eenzeg bei Intelsat ass. Anescht, wéi dat vum Gesetz virgesi wier, wiere weder d’Representante vum Personal bei der SES, nach bei Intelsat jee consultéiert ginn an déi jeeweileg Direktiounen hätten de Sozialdialog net respektéiert.

Den OGBL erënnert drun, datt et zanter enger Restrukturatioun bei der SES 2020 bis ewell dräi Plans de maintiens dans l’emploi gouf, duerch déi 50 Aarbechtsplazen hätte kënnen erhale ginn. Gläichzäiteg wier eng Filial zu Bukarest opgebaut an d’Aktivitéiten a Rumänien ausgebaut ginn. D’Gewerkschaft ass elo besuergt iwwer weider Delokalisatiounen an en Ofbau vu Personal hei am Land, besonnesch well Acquisitiounen dacks grouss Depensë matsechbréngen. Dat dierft net passéieren, virun allem net, wa se vum Steierzueler finanzéiert ginn.

RTL-News: SES keeft Konkurrent Intelsat: “Stëllstand hätt héchstwarscheinlech e Réckschrëtt bedeit”, esou Premier Frieden
Link: Dat ganzt Schreiwes vum OGBL fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO