
D‘Oppositiounsparteien zu Hesper adresséiere sech elo un den Inneminister, fir selwer dierfen eng Plainte ze maache wéinst der Bedruchsaffär, déi Reporter.lu dës Woch opgedeckt hat. D‘Gemeng selwer huet an dëser Affär nach keng offiziell Plainte géint de Mann gemaach a bis ewell och refuséiert, am Gemengerot doriwwer ze schwätzen. D‘Majoritéitsparteie refuséieren dann aktuell och, eng dréngend Sëtzung vum Conseil anzeberuffen, esou wéi LSAP, Piraten an déi Gréng zu Hesper dat fuerderen.