
Wa se misst hire Requisitoire iwwerschreiwen, géing se dat mat “Krich ënner Noperen” maachen, sot d’Vertriederin vum Parquet. Och si huet nach eng Kéier Deeler vum Dag vum 17. Oktober 2022 rekonstituéiert, op deem zwee Mënsche vun 62 a 54 Joer hiert Liewe verluer hunn. Dat wéinst engem Noperschaftssträit, dee sech héichgeschaukelt huet an eskaléiert ass.
Si huet erzielt, wéi den deemools 74 Joer alen Ugekloten, deen deen Ament eleng Doheem war d’Schroutflënt op de Späicher siche gaangen ass. Hien hätt se an der Garage gelueden an an der Poubelle verstoppt. Dono hätt hie gewaart, bis d‘Noperen, op déi en esou eng Roserei hat, erauskomm sinn, fir dann op si ze schéissen. Fir d‘éischt vun der Afaart aus, aus enger Distanz vu véier Meter. Dono nach eng Kéier vun direkt nieft sengen Affer, déi deen Ament schonn déidlech getraff um Buedem louchen. Fënnef Schëss si gefall. “Hie wollt sécher goen, dass si net méi opstinn. A sot nach ‘tiens, prend ça’. Hien huet all seng Roserei rausgelooss. Hien huet se kalbliddeg exekutéiert”, sou d‘Vertriederin vum Parquet.
Si huet drop higewisen, dass d‘Faiten hei all um Dësch géinge leien. D‘Kameraen, déi d‘Affer installéiert haten fir d‘Noperschaft auszespionéieren, hätten d‘Dot gefilmt gehat. Et weist een also, wat passéiert ass an, dass d‘Situatioun verfuer war. Dass déi zwee Affer dem Ugekloten d‘Liewen zur Hell gemaach hunn. Ënner anerem d‘Signal vu senger elektrescher Gaardepaart mat engem Sender gesteiert hunn. Och eng ganz Partie aner Noperen hate scho viru Geriicht ausgesot, wéi se vun der Koppel kujenéiert gi wieren. Dono huet d‘Procureure awer präziséiert, wat scho vun der Defense ugemierkt gi war: “Hei geet et net ëm e Prozess vun Noperen, mee ëm den Ugekloten, deen zwee Liewe geholl huet”.
Ma et sollt een awer och d’Aussoe vum Ugeklote consideréieren, dass hien zu all Ament gestanen hätt, wat passéiert wier. Vun all sengem Ierger, Frust a senger Verzweiwlung hätt hien erzielt. Si huet d‘Geriicht gefrot, eng Reduktioun vun der Stroffäegkeet festzehalen, well eng psychiatresch Expertise zu dëser Conclusioun komm wier. Den Ugekloten hätt e paranoide Charakter. Den Dag vum 17. Oktober hätt hien en endgültege Wee gesicht. Deen ee villäicht kéint emotional verstoen, rational awer net kéint novollzéien a scho guer net excuséieren. Doriwwer eraus kéint een och net soen, dass hien en éierleche Regret gewisen hätt.
Den Ugekloten hat och e Freideg nach eng Kéier d‘Wuert. Op d‘Fro vun der Vertriederin vum Parquet, ob et him géing Leed doen, huet dëse geäntwert, hie wier traureg iwwert d‘Situatioun. Hien hätt fënnef Joer laang staark gelidden ënnert der Situatioun mat den Noperen a säi Kapp hätt zou gemaach. Wou nach eng Kéier nogefrot gouf, ob et him dann och géing Leed doe fir déi zwee Leit, déi hien ëmbruecht huet, sot hien, hie géif et wierklech bereien an hie wier net frou iwwert dat, wat hie gemaach huet. Hie géing sech entschëllegen an dëser Situatioun ze sinn. Hie kéint elo näischt méi maachen.
D‘Defense vun de Parties-civillen hunn dem Ugeklote reprochéiert, keng éierlech Regreten ze hunn. Och gouf kritiséiert, dass et an de Prozessdeeg virdru permanent dorëm gaange wier, ze soen, wéi schlecht d‘Koppel war. Ma net dorëm, dass dës Koppel kalbliddeg ëmbruecht gi wier.
E Freideg goung et dann och ëm d‘Schuedenersatzfuerderunge vu bal 20 Parties-civillen. Dorënner d‘Kanner vun den Affer, deenen hir Kanner, Geschwëster, Partner vu Geschwëster, Tattaen, Monnien asw. D‘Fuerderunge belafen sech hei majoritär op Montante vu jeeweils tëscht 50.000 a 60.000 Euro. Fir de Fils vun der Verstuerwener, deen zwar 20 Joer kee Kontakt méi mat senger Mamm hat, mee der Defense no extreem ënnert der Perte vu senger Mamm gelidden hätt, ginn 133.000 Euro gefuerdert.
Prozess wéinst Mord zu Nidderkuer: Zeie ka sech virstellen, wéi et esouwäit komme konnt