Schüler zu Diddeleng mat Messer attackéiertParquet hat 15 gefrot, jonke Mann krut 4 Joer mat integralem Sursis

Diana Hoffmann
En 21 Joer ale Mann aus Syrien, deen am Januar 2023 e Schüler mat engem Messer um Been an un der Hand blesséiert huet, gouf elo verurteelt.
© RTL Mobile Reporter (Archivbild)

Um Stater Geriicht gouf de Mann zu enger Prisongsstrof vu 4 Joer mat integralem Sursis condamnéiert. Déi nächst 5 Joer muss hie seng Therapie weidermaachen an och eng Formatioun, respektiv eng Aarbecht sichen.

Zu der Ausernanersetzung war et am freien Nomëtteg am Park Emile Mayrisch zu Diddeleng komm. Fir d’éischt hat den Ugekloten engem anere Schüler säin Handy ewechgeholl, kuerz drop dann dem spéideren Affer a sengem Kolleeg e Pak Zigaretten. Ouni ersiichtleche Grond war et dunn zum Ugrëff komm.

Ee vun den Affer krut e Schuedenersatz an Héicht vun 1.000 Euro accordéiert. Bei deem anere gëtt nach eng Expertis gemaach, fir de geneeë Schued ze chiffréieren.

RTL-News vum 28.1.25 - Parquet freet 15 Joer Prisong: Jonke Mann huet Schüler zu Diddeleng mat Messer attackéiert

Back to Top
CIM LOGO