Marie-Marthe Muller bei d'SozialistenPirate reagéieren: "Mandatsklau schéngt bei der LSAP zum Modus operandi ze ginn"

RTL Lëtzebuerg
En engem Communiqué reagéiert d'Piratepartei dorobber, datt d'Marie-Marthe Muller d'Partei verlooss huet a sech der LSAP uschléisst.

Fir d’Pirate weist de Wiessel vun der Marie-Marthe Muller, iwwert deen d’Parteispëtzt Minutte virum Communiqué respektiv direkt aus der Press informéiert gouf, “keen Anstand an och net de gudde politeschen Toun vun enger Conseillère vun der Stad Lëtzebuerg souwéi enger Partei, déi sech sozial Wäerter op de Fändel schreift.

Dës Approche an dëst Virgoe weist wéineg Respekt vis-à-vis vun de Membere vun der Stater Pirate-Sektioun, déi “am Walkampf fir d’Pirate wochelaang Plakater ophänke gaange sinn”. Och iwwert d’Motivatioun vun der neier LSAP-Member, fir sech de Sozialisten unzeschléissen, weist ee wéineg Versteesdemech bei de Piraten, well “wat d’Positiounen an der Stad ugeet [...]” hätt dës déi “selwer matbestëmmt a gedroen”.

Fir d’Pirate gehéiert de “Mandatsklau” bei der “LSAP zum Modus operandi”, well si dëst schonn an der Chamber an zu Schëffleng gemaach hunn.

D’Parteileedung wëll dëse Virgang net einfach esou akzeptéieren an wäert iwwer weider Schrëtt an dëser Affär beroden.

PDF: D'Schreiwes vun de Piraten

Back to Top
CIM LOGO